Radioen

On air

Tockcity  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sécherlech geet een Deel vun der Liewensqualitéit erof"

Contournement Käerjeng

"Sécherlech geet een Deel vun der Liewensqualitéit erof"

Dem Suessemer Buergermeeschter Georges Engel (LSAP) schmaacht et net, datt d’Regierung de Contournement an der Nopeschgemeng elo guttgeheescht huet. Suessem hat sech géint dëse Stroossebauprojet gewiert. An awer kéint ee vun engem "Deelerfolleg" schwätzen.

auto_stories

3 min

Georges Engel

Fir d’Haaptstrooss zu Käerjeng z’entlaaschte soll den ëmstriddene Contournement also elo gebaut ginn. D’Regierung huet d’"Variant 2" zeréck behalen, déi laanscht d’Zuchstreck Péiteng-Lëtzebuerg féiert an un d’Collectrice du sud ugeschloss gëtt. "Fir eis ass et och e bëssen en neie Moment", sot de Buergermeeschter vu Suessem am Interview mam Maxi Pesch.

Dem Georges Engel no hätten d’Ponts et Chaussées d’"Variant 1", déi iwwer Suessemer Terrain verlaf wier, fir déi eenzeg realisabel gehalen. De Gemengerot vu Suessem hat dës Streck eestëmmeg refuséiert. "Dat wat mir wollte verhënneren, hu mir verhënnert kritt", sou den LSAP-Politiker. Ee gutt Joer virun de Gemengewahle schwätzt de Georges Engel vun engem “Deelerfolleg”.

Bausch a Gira am Widdersproch zum Naturschutzgesetz?

"Sécherlech geet een Deel vun der Liewensqualitéit erof, well do geet eng Strooss matzen duerch e Bësch, wat ee Noerhuelungsgebitt ass", gëtt de Suessemer Buergermeeschter ze bedenken. De gréngen Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister François Bausch an de grénge Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira missten elo erklären, wéi dat mam neien Naturschutzgesetz ënnert een Hutt ze bréngen ass.

Suessem hat sech fir d’"Variant 0" agesat: kee Contournement, dofir awer Mesuren am ëffentlechen Transport an eng Verbesserung vun de Stroosseninfrastrukturen zu Käerjeng. “Mat Sécherheet hätt en do net alles an de Grëff kritt, mee mir hätten op alle Fall keng 80 Milliounen ausginn, keen "Natura 2000"-Gebitt a kee Bësch duerchgeschnidden”, seet de Georges Engel. An zu Dippech an op der Collectrice wier an Zukunft mat méi Verkéier ze rechnen.

"Recht opgehale fir juristesch Schrëtter ze huelen"

Kënnen déi Suessemer elo eppes un de Pläng änneren? "Oh, dat weess ech net, dat wësse mer all nach net". Dëse Freideg wier emol eng informell Reunioun mam Aarbechtsgrupp "Contournement" a mam Gemengerot virgesinn. Da misst ee mam François Bausch schwätzen. "A mir hunn eis an eisem Avis d’Recht opgehale fir juristesch Schrëtter ze huelen". Op alle Fall wieren elo Kompensatiounsmoossname fälleg. Een neie Bësch, wat an den Ae vum Georges Engel net onbedéngt gläichwäerteg ass.

Fillt sech d’LSAP-Gréng-Koalitioun zu Suessem net vun der Regierung, déi hir am Prinzip misst gutt gesënnt sinn, am Stach gelooss? D’Decisioun vun der Regierung fir de Bau vum Käerjenger Contournement wier net onbedéngt parteigebonnen, sou de Georges Engel. Zu Käerjeng ass jo eng CSV-Gréng-Biergerinitiative-Koalitioun um Rudder. D’Relatioune mam CSV-Buergermeeschter Michel Wolter? Et wier "politesch sécherlech net ëmmer op enger Linn, mee mënschlech kënne mir eis ganz gutt verstoen".