Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengewalen am Juni: Firwat eigentlech?

Neien Datum fir d'Gemengewalen

Gemengewalen am Juni: Firwat eigentlech?

2023 ass ee Superwaljoer, mat de Chamberwalen am Hierscht, an de Gemengewalen am Juni. Mee firwat sinn d'Gemengewalen dëst Joer eigentlech am Juni, obwuel se soss ëmmer am Hierscht waren? D'Pia Oppel mat engem Réckbléck, wéi et zu dëser Ofännerung komm ass.

auto_stories

3 min

Den 11. Juni sinn hei am Land Gemengewalen.

Lauschterenplay_arrow


Datt d'Gemengewalen dëst Joer e puer Méint éischter sinn, wéi gewinnt, ass eng indirekt Konsequenz vun der Regierungskris am Joer 2013.

De Premier Jean-Claude Juncker huet am Juli 2013 ee Mësstrauensvott an der Chamber evitéiert, an trotzdeem de Wee fräi gemaach fir Neiwalen ze organiséieren. De Grand-Duc léist d'Parlament op. Den 20. Oktober 2013 si virgezunnen Neiwalen.

De Walkalenner op d'Kopp geheit

Domadder ass de gewinnte Walkalenner op d'Kopp geheit. An d'Fro stellt sech, wéi et da bei den nächste Walen 2018 weider geet: Nees zréck bei den Termin am Juni, sou wéi et am Walgesetz virgesinn ass? Oder sollen d'Chamberwale vun elo un ëmmer am Oktober sinn?

Uganks hu sech CSV, DP, ADR an LSAP fir de Retour bei den ale Walkalenner ausgeschwat. Déi nächst Chamberwale sollten also am Juni 2018 sinn, wéi den deemolegen LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry am Januar 2014 erkläert huet.

"Dat géif eng gewësse Verkierzung vun der aktueller Mandatsperiod mat sech bréngen. Mee ech fanne ganz einfach, datt de Mount Mee oder Juni vill besser ass, fir do Walen ofzehalen."

Mee trotz allem wäerten d'Majoritéitsparteien duerno hir Meenung nach änneren.

Eng Ofännerung mat Konsequenzen

E puer Joer méi spéit. Mëttlerweil ass et Dezember 2017, also kuerz no de Gemengewalen, a manner wéi ee Joer virun den nächste Chamberwalen. An elo wëll d'Parlament d'Fro vum Waltermin endlech klären.

Den Eugène Berger ass Rapporter vum Projet de Loi Nummer 7085, deen eng Ofännerung vum Walgesetz virgesäit.

De Juni als üblechen Termin fir d'Chamberwale gëtt aus dem Walgesetz gestrach. Amplaz schreift d'Gesetz just nach vir, datt d'Chamberwale méiglechst op den Dag genau all fënnef Joer organiséiert ginn. Domadder bleift et am Prinzip beim Rendez-Vous am Oktober. Et sief dann, et kéim eng Kéier zu virgezunnen Neiwalen an engem anere Mount.

Ee Virdeel ass, datt d'Chamber- an Europawalen, déi zu Lëtzebuerg soss traditionell op deem selwechten Dag waren, domadder vunenee getrennt sinn. Mee een anere Konflikt am Walkalenner entsteet, wéi den Eugène Berger deemools erkläert.

"Eng drëtt Konsequenz vun dësem Gesetz ass, datt all 30 Joer am Prinzip, mee dat wäert déi éischte Kéier am 2023 sinn, d'Chamber- a Gemengewalen an dat selwecht Joer falen. Da géifen d'Gemengewalen och an den Oktober falen. An dat wëlle mir awer evitéieren. Well dee Mix tëscht Gemengen- an Nationalwalen d'Debatt e bëssche komplex kéint maachen. Dofir gesäit de Projet vir, datt wann dat de Fall ass, also 2023, da sinn d'Gemengewalen an de Mount Juni virverluecht."

Verkierzt Mandater als Kritikpunkt

D'CSV stëmmt als eenzeg Partei géint d'Reform, well se um ale Walkalenner wëll festhalen, wéi de Claude Wiseler deemools erkläert.

"Mir sinn u sech 'nach wie vor' der Meenung, datt Juni 2018, wie wonnert et, de besseren Datum gewiescht wier. Mir verstinn awer, datt dat konstitutionell net evident ass."

Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler mengt deemools, datt een ee Superwaljoer kéint maachen, wou Gemengen- a Chamberwalen um selwechten Dag am Oktober ofgehal géinge ginn. Datt d'Gemengewalen, sou wéi dëst Joer, e puer Méint no vir geréckelt ginn, hält d'CSV net fir déi ideal Léisung.

"Dat heescht net nëmmen d'Verkierzung vum Mandat vun deene Gemengeconseilleren, déi elo en place sinn. Mee et heescht och d'Verlängerung iwwer sechs Joer eraus, vun deene Gemengeconseilleren, déi an de Walen duerno dann en place kommen."

Well, fir et ofwiesslungsräich ze halen: fir déi nächst Gemengewalen am Joer 2029 ass den Termin dann nees am Oktober.