Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Wielerwëlle respektéieren"

Gemengewahlen

"De Wielerwëlle respektéieren"

An der Stad kënnt et mat grousser Wahrscheinlechkeet zu engem Koalitiounswiessel. D'Stater DP an CSV hunn decidéiert fir Koalitiounsverhandlungen ze féieren. Déi Gréng wieren deemno no zwielef Joer net méi am Schäfferot a sinn "iwwerrascht" iwwert dës Decisioun.

auto_stories

3 min

Net op Inhalter a politesch Schnëttmengen, mä reng op de "Wielerwëlle" berifft déi aktuell a viraussiichtlech och zukünfteg Stater Buergermeeschtesch sech, fir de Choix vun der DP z'erklären: D'CSV krut zwee Sëtz bäi an ass mat siwe Sëtz zweetstäerkste Kraaft no der DP, déi néng vun hiren zéng Sëtz konnt verdeedegen.

Eng Koalitioun ... och fir 2018?

Ob d'Zesummenaarbecht mat deene Gréngen oder der CSV op verschidde Punkte fir d'DP méi einfach, respektiv méi schwiereg wier, ass fir d'Lydie Polfer deemno net d'Thema: "Ob een dat elo arithmetesch nennt, oder wéi ... dat sinn d'Wënsch, déi d'Leit zum Ausdrock bréngen an enger Demokratie."

Wëll d'DP sech mat hirer Decisioun an der Stad vläicht schonn als potentielle Koalitiounspartner fir d'CSV d'nächst Joer no de Chamberwahlen positionéieren? Do gëtt et keen Zesummenhank, seet d'Lydie Polfer: "Dat si wierklech Decisiounen, déi opgrond vum Resultat vun de Gemengewahle geholl gi sinn".

Déi Gréng sinn iwwerrascht

Et hätt ee mat deene Grénge "ganz gutt" a "fair" zesummegeschafft, seet d'Lydie Polfer. Ëmsou méi "iwwerrascht" ass de laangjärege Koalitiounspartner iwwert d'Annonce vun de Koalitiounsverhandlungen tëscht DP an CSV.

Déi Gréng halen hir fënnef Sëtz an hu liicht Stëmme bäigewonnen. De grénge Spëtzekandidat François Benoy mengt dowéinst, "datt d'Stater wollten, datt eng gréng Politik weidergefouert gëtt." Dofir wier et wichteg gewiescht, datt d'DP "op d'mannst emol mat eis schwätzt, datt mir hätte kënne kucken, wéi a wat fir eng Projete mir an den nächste Jore weider upaken." Elo misst ee kucken, "wéi et da vläicht mat enger Mëtt- bis Mëtt-Riets-Koalitioun an der Stad weidergeet.

Optimistesch CSV

D'CSV war ee Sonndeg grousse Wahlgewënner an huet domadder e kloren Usproch am Schäfferot vertrueden ze sinn, seet hire Spëtzekandidat Serge Wilmes. Bei de grousse Wahlkampftheme Logement, Mobilitéit a Stadentwécklung géifen DP an CSV net ëmmer op enger Linn leien:

"Mä ech mengen awer net, datt dat Positioune sinn, déi net z'iwwerwanne wären. An ech sinn do awer optimistesch. Well et geet ee jo net a Koalitiounsverhandlungen eran, fir datt se sollen näischt ginn. Et geet een era mam Zil, datt se sollen eppes ginn."

"Tacheles schwätzen"

Fir d'éischt de Programm, dann d'Posten, soen d'Lydie Polfer an de Serge Wilmes. Fir den CSV-Politiker ass awer kloer, datt seng Partei am Schäfferot méi zegutt huet, wéi déi gréng bis elo.

D'Lydie Polfer ass 1982 fir d'éischte Kéier Buergermeeschtesch ginn. Datt si dëse Virsprong un Erfahrung an de Verhandlunge mat dem 35 Joer jonken CSV-Spëtzekandidat Wilmes wëll geltend maachen, mécht d'DP-Politiker kloer mam Verweis, datt et net duer geet, just schéi Visiounen ze hunn. "Elo geet et drëms, Tacheles ze schwätzen", esou d'Lydie Polfer. An de Koalitiounsverhandlunge misst ee konkret soen, wat ee wéilt maachen, fir Ziler z'erreechen: "Dat wäerten interessant Diskussioune ginn".