Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy "Bo" Horne - Is It In

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gëlle Fra nees am Mëttelpunkt vun enger Polemik

Erënnerung

D'Gëlle Fra nees am Mëttelpunkt vun enger Polemik

Firwat gëtt, bei der Gëlle Fra, un déi Lëtzebuerger erënnert, déi als Zaldot am Korea-Krich waren - an de Lëtzebuerger Spueniekämpfer bleift déi selwecht Unerkennung verwiert? Déi Fro stelle sech d'Amis des Brigades internationales, a mat hinnen d'LSAP-Deputéiert Mars Di Bartolomeo an Dan Biancalana no der Äntwert, déi de Premier Xavier Bettel kuerz viru Chrëschtdag op eng parlamentaresch Fro zum Sujet ginn huet.

auto_stories

4 min

Beim Monument du Souvenir - sou gëtt d'Gëlle Fra jo offiziell genannt - hänkt eng Plaquette. Si ass iergendwann tëschent 1997 an 2009 do ubruecht ginn: méi genee fënnt een et net eraus.

Foto: picture alliance / Klaus Nowottnick

Kann een en Asaz wäerten?

D'Plaquette erënnert un déi 85 Lëtzebuerger, déi tëschent 1950 an 1953 am Koreakrich engagéiert waren, an déi do hiert dozou bäigedroen hunn, den demokratesche Süde géint de kommunisteschen Norden ze verdeedegen. Zwee vun de Lëtzebuerger Zaldote sinn dobäi ëmkomm.

15 Joer virdru waren - tëschent 1936 an 1939 - 102 Fräiwëlleger vun hei mat an de Spuenesche Biergerkrich gezunn. Si hunn do op der Säit vun de Republikaner géint d'Truppe vum Generol Francisco Franco gekämpft. An dat hunn der op d'mannst 18 vun hinne mam Liewe bezuelt.

War deenen engen hiren Asaz méi richteg wéi deenen aneren hiren? Oder méi wäertvoll? Den Historiker Serge Hoffmann, dee sech zanter ville Jore fir eng Unerkennung vun de Spueniekämpfer asetzt, wëll déi eng net géint déi aner ausspillen. Natierlech goufen et ënnerschiddlech Motivatiounen, mee net just d'Koreakämpfer hu sech fir eng fräi Welt agesat:

"D'Spueniekämpfer, déi hu sech och fir d'Demokratie an d'Fräiheet engagéiert andeems se de Nationalsozialismus an de Faschismus an de Franquismus bekämpft hunn. An an där Hisiicht menge mir, datt - obschonn si sech net fir d'Heemecht engagéiert hunn, grad esou wéi déi Fräiwëlleg aus Korea och eng Éierung op der Gëlle Fra zegutt hunn.

Eng Question Parlamentaire

Dat gesäit de Mars Di Bartolomeo iwwregens genau d'selwecht: "Et ass de Monument du souvenir. An och d'Spueniekämpfer verdéngen Erënnerung."

Zesumme mat sengem Diddelenger Fraktiounskolleeg Dan Biancalanca huet de Mars Di Bartolomeo dem Premier dofir am November d'Fro gestallt, wéi d'Regierung zu esou enger Plaquette fir d'Spueniekämpfer stéing.

De Xavier Bettel huet doropshin en Avis beim Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale gefrot. An deem Pabeier, deen nët ëffentlech ass, deen eis awer virläit, suggeréiert de Comité " de ne pas apposer de plaque supplémentaire sur la 'Gëlle Fra' ".

Dat kléngt kloer an eestëmmeg. An de Premier iwwerhëlt déi Recommandatioun och a senger Äntwert.

"No den Diskussiounen, déi et ronderëm d'Gëlle Fra gouf wéinst der Gëlle Fra bis vum Sanja Ivekovic, ass d'Monument als monument national klasséiert ginn", seet d'Claude Wolff, déi aktuell Presidentin vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale.

"Et ass deemools gesot gi 'pour les participants aux guerres mondiales'. Et kann ee sech d'Fro stellen, ob deemools déi Plaquette fir d'Koreakämpfer vläicht och net dohinner gehéiert huet. Mee dat war dat wat eis gedoen huet fir net ze soen 'Jo, mir maachen et'."

D'Polemik zitt sech weider

Allerdéngs wier d'Meenung am Comité guer net esou eendeiteg gewiescht wéi se am Avis klengt, behaapt de Serge Hoffmann.

Hie berifft sech dobäi op Schrëftverkéier tëschent den dräi Gruppen, déi am Comité vertruede sinn, Korrespondenz, déi him zougespillt gouf: "An do geet eben draus ervir, datt d'Resistenzler an och déi jüddesch Communautéit fir d'Appositioun vun enger Plaque um Monument vun der Gëlle Fra waren, an datt d'Enrôlés de force dergéint waren."

Firwat gëtt een net gewuer. Och net op Nofro hin. "Kee Kommentar" heescht et unisono vun zwee exponéierte Vertrieder vun den Zwangsrekrutéierten.

Bei dëse Meenungsverschiddenheeten iwwer de Roll vum Spueniekämpfer weess een elo net, ob se nët nach zu enger seriöser Belaaschtungsprouf fir de Comité pour la mémoire vum 2. Weltkrich ginn. Et wier net déi éischt.

De Mars Di Bartolomeo an den Dan Biancalana gi sech op jiddwer Fall net. Si hunn eng zweet parlamentaresch Fro nogeschoss, an där si Explikatioune froen: d'Argumenter géint eng Plaquette fir d'Spueniekämpfer, mat deenen d'Zwangsrekrutéiert net erausréckele wëllen, soll de Premier elo verroden.