Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sun Glitters - Secrets Feat. Drop The Gun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gefälschte CovidCheck-Certificaten: Zwee Fäll un de Parquet gemellt

Santé

Gefälschte CovidCheck-Certificaten: Zwee Fäll un de Parquet gemellt

Am Kontext vun de gefälschte CovidCheck-Certificaten huet d'Santé bis elo zwee Fäll un de Parquet gemellt: dat huet de Santés-Direkter Jean-Claude Schmit um Dënschdeg am 100,7-Interview gesot

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bei deem engem Fall, géif et sech ëm dee vum suspendéierte Santés-Mataarbechter handelen. D'Zeitung Lëtzebuerger Land hat den 12. November gemellt, datt eng net-geimpfte Persoun a leedender Stellung eng aner Persoun gefrot hat, hir e fingéierten negative PCR-Test ze zertifiéieren.

Fälschungen duerch de System si schwéier ze kontrolléieren

Beim zweete Fall, deen d'Santé un de Parquet gemellt huet, géif et sech ëm e Fall a Relatioun mat engem Impfzenter handelen, esou de Jean-Claude Schmit. Souwäit hie wéisst, wier e Fall bekannt, an deem et gelonge wier, e falsche QR-Code ze produzéieren. Enquêtë vum Parquet géife lafen, esou de Santés-Direkter.

De Jean-Claude Schmit gëtt awer vun enger méi grousser Donkelziffer u gefälschte Certificaten aus, vu datt "net systematesch alles kontrolléiert gëtt".

Fäll an deenen Dokteren oder aner Leit aus Gesondheetsberuffer hei am Land géint Suen oder aus anere Grënn falsch Certificaten ausgestallt hätten, wieren him net bekannt, preziséiert de Santés-Direkter.

"Ech weess, datt esou Informatiounen zirkuléieren, do géifen et Leit ginn. Mee ech hu keng konkret Informatiounen. Wann do Leit Informatiounen hunn, déi kënnen dat natierlech ëmmer bei eis denoncéieren. An da maache mir eng Enquête fir ze kucke wat do géif geschéien."

Wann e QR-Code duerch de System gefälscht ass, wiere Kontrolle ganz schwéier, esou nach de Santés-Direkter. Et wier dowéinst wichteg, datt den Accès op dëse System "extrem limitéiert" gëtt.

Den delegéierten Digitaliséierungsminister Marc Hansen huet nach betount, datt falsch Certificaten dacks mat erfonnten Nimm an aneren EU-Länner erstallt ginn: dat géing et de Lëtzebuerger Autoritéiten net einfach maachen. Momentan géif op EU-Niveau geschwat ginn, wéi d'Länner kënne virgoen, fir gefälschte Coden ze blockéieren.