D'Gebuertshaus hat viru ronn dräi Méint seng Dieren zu Bartreng opgemaach. Zu Lëtzebuerg géif et awer kee legale Kader fir ee Gebuertshaus ginn, seet d'Gesondheetsministesch.
D'Acteuren zesummebréngen
Am 100,7 Interview huet d'Paulette Lenert op Nofro hin erkläert: Fraen hätte wuel de Choix, hiert Kand doheem op d'Welt ze bréngen, a kéinte sech do vun enger Hiewan begleede loossen, vun der Gesetzgebung hir wier awer keng Institutioun oder Service vun engem Gebuertshaus virgesinn.
"Et ass en Theema, wat awer aktuell ass, a wou ech am Moment dru schaffen, déi concernéiert Acteure beieneen ze bréngen och mat enger Maternité, am Fall wou eppes géif geschéien. Gebuerten an engem Gebuertshaus si natierlech Gebuerten, wou am Prinzip keng Indikatioun ass, datt Problemer kommen. Mee et weess een awer, datt dat ni ausgeschloss ass, an dofir ass et och wichteg, sech mat den Acteuren zesummenzesetze fir ze definéieren, wéi genee ass den Oflaf, wéi kënnt d'Fra an d'Maternité wann eppes ass, wéi gëtt den Transport assuréiert, datt een dat encadréiert, an do schaffe mer de Moment drun."
Wéi laang et dauere wäert, bis e gesetzleche Kader steet konnt d'Gesondheetsministerin net soen. Et misst sech awer Zäit dofir huelen, esou d'Paulette Lenert.