Radioen

On air

Tockcity  |  Madness - C'est La Vie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ADR als méigleche Koalitiounspartner

Gast Gibéryen am Interview

D'ADR als méigleche Koalitiounspartner

An de Resultater bei de rezente Sondagen, gesäit de Gast Gibéryen eng Bestätegung fir d'Aarbecht vu senger Partei – an eng Chance fir an d'Regierungsverantwortung ze kommen. An der Flüchtlingsfro hätt seng Partei sech responsabel verhal.

Christiane Kleer

auto_stories

4 min

De Gast Gibéryen seet, seng Partei hätt "d'Turbulenzen" vun de läschte Joer hannert sech gelooss

D’ADR positionéiert sech, nieft deene Gréngen, als potentielle Koalitiounspartner an enger zukënfteger Regierung mat der CSV. Dem Gast Gibéryen no kéime keng aner Parteien a Fro. "Deemno wéi d'Wahlen ausgi brauch d'CSV kee grousse Koalitiounspartner, dat wäert sech dann tëscht deene Gréngen an der ADR entscheeden. Woubäi ee muss wëssen, datt eng Regierung tëscht CSV an de Gréngen eng Regierung gëtt déi zum Deel Gambia-Politik weiderféiert". Mat der ADR  an enger CSV Koalitioun géing dat geplangtent Nationalitéitegesetz zum Beispill réckgängeg gemaach ginn, esou nach de Gast Gibéryen am Interview mam Mick Entringer.

Rezent Sondagen hunn der ADR – am Fall vu Wahlen – Fraktiounsstäerkt zougesot. De Gast Gibéryen féiert dat Resultat op déi eege Parteiaarbecht zréck. Awer och dorobber, datt vergaangen intern Meenungsverschiddenheeten iwwert d’Ausriichtung vun der Partei gekläert wieren. "Virun e puer Joer hate mir nach grouss Turbulenzen an eiser Partei. Mir hunn Députéierte verluer am Kader vun där Diskussioun. Mee lo sti mer méi fest do, an ech géif soen sou fest wéi ni virdrun.

Dat erlaabt eis et no bausse kloer Positioun ze bezéien an dat gëtt vum Wieler honoréiert". Als Beispill dofir huet de Gast Gibéryen de Referendum vum 7.Juni genannt. Do hätt keng Partei sou eng kloer Sprooch geschwat wéi d'ADR.

"Zick-Zack-Kurs" vun der CSV

Wat d'Oppositiounsaarbecht vun der CSV ugeet, sou koum virun allem Kritik vum Gast Gibéryen. Déi chrëschtlech-sozial Vollekspartei géif sech ze vill zeréckhalen. Laang hätt se Problemer gehat fir aus der Majoritéit an d'Oppositioun eranzefannen a lo géif se scho rëm virsiichteg gi wéinst enger méiglecher nächster Regierungsverantwortung. Dofir wieren der CSV hier Positiounen net ëmmer kloer: beim Referendum, zum Beispill, wier d'Partei en "Zick-Zack-Kurs" gefuer. Datselwecht géif fir d'Nationalitéitegesetz gëllen. 

Datt och Déi Lénk an d'KPL an de Sondagen dobäigewannen, ass dem Gast Gibéryen no haaptsächlech op dat schlecht Resultat vun de Sozialisten am Süden zréckzeféieren: der LSAP hir Politik an der Regierung hätt "absolut näischt mat Sozialismus ze dinn". 

Zréck wann de Krich eriwwer ass

Wat d'Flüchtlingsproblematik ugeet sou hätt d’ADR hätt bis ewell eng responsabel Politik, mee och eng "kloer Positioun" ageholl. Et hätt een "keen Ueleg op d’Feier geschott", seet de Gast Gibéryen. Mee: Wann de Krich a Syrien an am Irak eriwwer ass, da mussen d’Flüchtlingen aus der Regioun an hier Ursprongslänner zréck geschéckt ginn an do hëllefe mat opbauen, "sou wéi dat och nom läschte Weltkrich hei de Fall war", seet de Gast Gibéryen am Interview mam Mick Entringer. Hei am Land misst awer “eng Politik gemaach ginn, déi d’Leit am Land de Flüchtlinge géigeniwwer net benodeelegt".

Iwwer déi aktuell Situatioun an Däitschland seet de Gast Gibéryen, d'Bundeskanzlerin Angela Merkel hätt dat selwer provozéiert. "Wann traditionell Parteien eng Politik maachen, déi net méi vun hiren eegene Bierger gedroe gëtt, da kommen sou Reaktiounen", dat ass dem ADR-Députéierten seng Meenung. Mat der rietspopulistescher Partei AfD an Däitschland huet d'ADR keng Kontakter, och wann béid Parteien zum Grupp vun den europäesche Konservativen a Reformer gehéieren. D'AfD wier nach eng jonk Partei, et wéilt een fir d'éischt mol nach observéieren.