Radioen

On air

Notturno  |  Anna Butterss - Doo Wop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gaspräiserhéijung: Reaktioune vum Franz Fayot a Claude Turmes

Gas gëtt méi deier

Gaspräiserhéijung: Reaktioune vum Franz Fayot a Claude Turmes

D'Regierung léisst sech nach net an d'Kaarte kucken, wéi si mat der annoncéierter Hausse vun de Gaspräisser wëll ëmgoen: Den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot an de gréngen Energieminister Claude Turmes verweisen op Nofro hin op Analyse vum Statec, déi ee wéilt ofwaarden - an op eng Tripartite mat de Sozialpartner, déi am Hierscht usteet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Gaspräisser kéinten am Hierscht ëm 80 bis 90 Prozent klammen, soen d'Energiefournissen.

Franz Fayot: En Test fir de Sozialmodell

Et wier eng "exzeptionell Zäit", sot dozou de Wirtschaftsminister Franz Fayot um Bord vun enger Pressekonferenz. Fir de Betriber a Konsumenten ze hëllefen, misst een elo kreativ Léisunge fannen.

D'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat missten zesumme kommen. Et misst een ee Konsens fannen - dat wier de Sozialdialog an Exercice vun der Tripartite, esou de Franz Fayot:

"Mir wëssen, datt dat net einfach gëtt, wëll d'Stellunge méi verhäert si wéi se Ufanks vum Joer waren. Dat gëtt een Test fir eise Sozialmodell ob mir do zu enger Léisung fannen zesummen a wann dat net de Fall ass, da muss d'Regierung hir Responsabilitéit hunn."

Claude Turmes: Weider Subventioune fir Netzkäschte vum Gasnetz

De gréngen Energieminister Claude Turmes sot eis op Nofro hin, hie wéilt der Regierung ënner anerem proposéieren, datt de Staat och d'nächst Joer d'Gasréseauskäschte subventionéiert - esou eng Ënnerstëtzung also wéi se dëst Joer scho gëllt:

"Doduerch datt de Staat d'Netzkäschte vum Gasnetz iwwerholl huet an doduerch eng Aide ginn huet, déi am Beräich ass vu 450 bis 500 Euro. An dat ass eng Moossnam, déi een eigentlech och d'nächst Joer esou kéint maachen. An dat ass och dat, wat ech der Regierung wëll virschloe fir de Gasberäich."

Béid Ministere verweisen op de Statec, deen am Gaange wier ze analyséieren, wéi grouss de Kafkraaftverloscht duerch d'Präishausse kéint sinn. Dat wier eng "objektiv Basis fir d'Regierung" fir iwwer eventuell weider Mesuren ze decidéieren.

Den 2. September wier ee Regierungsrot, esou de Claude Turmes. Bis déi annoncéiert Hausse vun de Gaspräisser bei de Leit ukéim, wier et "Oktober-November".