Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Billy Nomates - Blue Bones

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gaspräisdeckel soll definitiv decidéiert ginn

EU-Sommet

Gaspräisdeckel soll definitiv decidéiert ginn

Um EU-Sommet stoungen Diskussiounen iwwer Sanktioune géint Russland an iwwer déi héich Energiepräisser am Mëttelpunkt. D'Energieministere solle sech e Méindeg iwwer ee flexibelen Deckel fir de Gaspräis eens ginn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Dee néngte Sanktiounspak riicht sech géint russesch Banken a gesäit zousätzlech Handelsbarrière vir. Dëse Pak hat um EU-Sommet fir Diskussiounsstoff gesuergt, well ënner anerem Däitschland a Frankräich Ännerunge gefrot hunn, fir ze evitéieren, datt den Handel mat landwirtschaftleche Produiten an Dünger géif behënnert ginn.

De Kompromëss soll elo d'Liewensmëttelsécherheet garantéieren. Deel vum Pak ass och eng Lëscht vu weideren 200 Persounen an Entitéiten, déi sanktionéiert ginn. Dee Pak soll bis 12h00 Auer um Freideg de Mëtteg par procédure écrite ugeholl ginn.

Energieministere sollen Detailer ausschaffen

Am Sträit iwwer Mesurë géint héich Energiepräisser gouf de Ball nees an d'Feld vun den Energieministere gespillt. Dës Kéier allerdéngs mam kloren Optrag, op der Reunioun, de nächste Méindeg een Accord iwwer dee flexibele Gaspräisdeckel ofzeschléissen. Dat gouf schrëftlech festgehalen, esou de Premier Xavier Bettel:

"Mir kënnen net nach wochelaang diskutéieren. An et ass eben och ee Conseil, ob deem ka mat Majorité qualifiée decidéiert ginn, wat och wichteg ass."

Do kéint also och géint de Wëlle vu verschiddene Länner tranchéiert ginn.

De Bedenken, datt een Deckel kéint dozou féieren, datt kee Gas méi geliwwert gëtt, géif duerch verschidde Virsiichtsmesurë Rechnung gedroe ginn, huet et ënner anerem vun däitscher Säit geheescht.

Reaktioun op amerikanesch Subsiden

Als Reaktioun op déi US-amerikanesch Investitiounspläng krut d'Europäesch Kommissioun den Optrag, am Januar Mesuren ze proposéieren. D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat sech fir een EU-Fonds agesat, dee soll zur Verfügung gestallt ginn, fir déi europäesch Industrie ze ënnerstëtzen.

Eng zentral Fro ass, wéi dee Fong soll finanzéiert ginn, esou de franséische President Emmanuel Macron:

"Il y aura une partie qui sera nationale, néansmoins on ne doit pas l'Europe se laisser fragmentiser d'un point de vue financier. Et donc il est important de clarifier la nature des instruments communautaires et de financements communs que nous mobilisons."

Bosnien-Herzegowina gëtt EU-Kandidat

Vum EU-Sommet war et dann och d'Nouvelle, datt Bosnien-Herzegowina offiziell de Statut vun engem Bäitrëtts-Kandidat kritt. Bosnien-Herzegowina hat schonn 2016 eng Demande gemaach, fir Member vun der EU ze ginn.

De Xavier Bettel sot et géif een hoffen, datt dës europäesch Perspektiv eng gewësse Stabilitéit an dës Regioun brénge kéint, déi do géif gebraucht ginn.

Ausgeklamert gouf op dësem Sommet de Sujet Migratioun. Doriwwer soll op engem Spezial-Sommet de 9. Februar d'nächst Joer diskutéiert ginn.