Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sue geléint, fir an de Katar schaffen ze goen

Gaaschtaarbechter aus Bangladesch

Sue geléint, fir an de Katar schaffen ze goen

E Sonndeg gëtt am Katar deen neie Fussballweltmeeschter entscheet. Den Emirat um Arabesche Golf presentéiert sech der ganzer Welt als modernen, weltoppene Staat. Déi vill Gaaschtaarbechter, déi bei der Konstruktioun vun den Stadie gelidden hunn, kréien dogéint wéineg Opmierksamkeet. Vill vun hinne kommen aus dem Bangladesch, an een Temoignage erzielt vun hire Realitéiten.

auto_stories

2 min

170 Millioune Mënsche liewen am Bangladesch. An awer kennt bal jiddereen iergendeen, deen am Kader vun der Fussball-WM an de Katar schaffe gaangen ass.

D'Majoritéit vun den Aarbechter déi Fussball-Stadien, Dohaer Metro oder aner Infrastrukturprojete gebaut hunn, komme vum indesche Subkontinent.

Zuel u verstuerwene Gaaschtaarbechter ass onkloer

Den Tamim ass eng esou eng Persoun aus dem Bangladesch, déi Leit kennt, déi am Katar op grousst Geld gehofft hunn:

"A wéi s du weess, Bangladesch ass e Land mat moderatem Akommes an eis Léit ginn ëmmer schlecht behandelt an de méi entwéckelte Länner."

Wéi vill Aarbechter schlussendlech am Qatar gestuerwe sinn, weess keen esou richteg. Déi eng behaapten 6.500, anerer schwätzen vun 3.400. Offiziell seet d'FIFA, et wieren dräi Persoune gestuerwen.

Vill Salairen nach net ausbezuelt

Vun de Verstuerwenen ofgesinn, waarde vill Aarbechter op hir Bezuelung. Déi Salairen, déi hinnen ufanks versprach goufen, goufen net ausbezuelt, esou den Tamim:

"Wéi si am Qatar geschafft hunn, goufen net genuch Sécherheetsmoossname vun de lokalen Autoritéiten geholl. Dowéinst gouf et esou vill Accidenter, bei deenen der esouguer gestuerwe sinn. An esouwäit ech weess, krute Famille vun de Verstuerwene bis haut keng Kompensatioun."

Dozou kënnt, datt vill Bangladescher e Prêt geholl hunn, fir de Visa an de Fluch op Doha ze bezuelen. Dëse Prêt gouf oft mat enger Hypothéik op hirem Grondstéck ofgeséchert. Déijéineg, déi sech verletzt hunn, krank gi sinn oder den Aarbechtsbedéngungen net standgehalen hunn, goufen ouni Entlounung entlooss. Esou hu vill Leit hiert Grondstéck an domat hir ganz Existenz verluer, wéi den Tamim erzielt:

"Déi eng hu Sue vun hirem Proprietär geléint, anerer hu sech bei der Famill oder Frënn Sue geléint. Verschiddener si verschëlt, anerer faillite. Et hunn der esouguer hir ganz Wunneng oder Terrain verluer, well si beim Prêt hiren Terrain als Hypothéik uginn hunn. Fir si ass et eng riseg Katastroph."

Fussball-Begeeschterung weiderhi grouss

An trotz all dem Leed, dat mat der WM verbonnen ass, kuckt den Tamim esou wéi vill aner Bangladescher weider d'WM, wéi hie stolz verzielt:

"Éierlech gesot, kucken ech Matcher, well ech Fussball iwwer alles gären hunn, mee ech verurteelen d'Verhale vun de katareschen Autoritéiten vis-à-vis vun den Gaaschtaarbechter."

Esou wéi déi meescht Bangladescher, ass den Tamim e risege Fan vun Argentinien, a kann d'Final en Sonndeg kaum erwaarden.