Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ G7: Duerchwuessene Bilan?

Chronik

G7: Duerchwuessene Bilan?

Gëschter goung am bayresche Schlass Elmau de G-7 Sommet op een Enn. Op wichtege Punkte konnten d'Regierungscheffe sech eenegen, plazeweis hu se awer nees e Schrëtt zeréck gemaach, mengt de Max Tholl.

auto_stories

3 min

Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz dierft gëschter Nomëtteg erliichtert gewiescht sinn, schliisslech ass de G7-Sommet ënner senger Féierung ouni grouss Pannen oder Konflikter op een Enn gaangen.

Woubäi dat mat der Féierung net sou ganz ka stoe bléiwen, well den Olaf Scholz war zwar Gastgeber an de bayresche Bierger, ugedriwwen huet awer een aneren, an zwar den amerikanesche President Joe Biden.

Schulterschluss, trotz kleng Desaccorden

Schonn éier dësen iwwerhaapt zu Münche gelant war, hat hie per Twitter matgedeelt, datt hien e Boykott vu russeschem Gold wéilt duerchsetzen. Seng Propos ass zwar net op daf Ouere gefall, mee Däitschland, Frankräich an Italien wëlle fir d'éischt mol d'EU doriwwer entscheede loossen.

Den US-President huet sech iwwerdeems och dofir agesat, de Präis vun russeschem Ueleg ze plafonéieren, sou datt Russland net méi vu Präishausse profitéiere kann. Och hei huet d'EU-Säit sech éischter ofwaardend gewisen: an der Ofschlosserklärung heescht et, dëse Schratt soll iwwerpréift ginn.

An awer iwwertreffen dës kleng Desaccorden net de generelle Message, deen déi siwe Regierungscheffe vermëttele wollten: mir stinn net nëmmen enk zesummen, mee och fest un der Säit vun der Ukrain.

Hëllef fir d'Ukrain nom Krich

Niewent weidere Sanktioune géint Russland a finanzieller a militärescher Ënnerstëtzung fir d'Ukrain, huet de Bundeskanzler Olaf Scholz gëschter ugekënnegt, datt et eng Zort "Marshall-Plang" fir d'Ukrain soll ginn, fir den Neesopbau vum Land ze ënnerstëtzen. Dee misst elo gutt geplangt an entwéckelt ginn, esou den Olaf Scholz.

De Message dohannert ass kloer: d'Ukrain kann op eis zielen an zwar laangfristeg. E wichtegt Signal op engem Sommet, op deem een nach e Krack méi wéi soss ëm Harmonie Inzenéierung beméit war.

De Krich huet awer och desastréis Konsequenzen op d'global Hongersnout, well geschätzten 22 Milliounen Tonne Kären aus der Ukrain an de betraffene Länner feelen. Och hei huet de Joe Biden d'Heft an d'Hand geholl: zousätzlech 4,5 Milliarden Dollar wëllen d'G-7 géint d'Hongersnout investéieren - iwwer d'Hallschent dovu sollen d'USA bezuelen.

Simultan Krisebewältegung mat Kompromësser

Bei esou vill amerikaneschem Tatendrang wierkt dat däitscht Engagement bal e wéineg blatzeg. Ëmsou méi houfreg kann den Olaf Scholz sinn, datt seng Propos vun engem internationale Klima-Club et an d'Ofschlosserklärung gepackt huet. Dëse soll bis Enn dës Joers kommen an eng Zort Allianz fir d'Reduzéierung vun Zäregasemissioune sinn.

E staarkt Zeeche fir de Klimaschutz, wann do net nach eng aner Formuléierung am Text wier. Dës gesäit nämlech nees méi Spillraum fir Investitiounen a fossil Energieprojeten am Ausland fir - eppes, wat dëst Joer eigentlech op een Enn sollt goen.

Mee et brauch een kuerzfristeg Alternativen zu russeschem Gas an do schéngt e gewësse Pragmatismus wuel akzeptabel oder net ze evitéieren. Dës Entscheedung op d'Käschte vum Klimaschutz ass e battere Schratt zeréck. Simultan Krisebewältegung - dorunner mussen d'G-7 nach schaffen. Si sollten net bis den nächste Sommet waarden.