Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - Hey, Ma

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fudderknappheet wéinst Dréchent

Landwirtschaft

Fudderknappheet wéinst Dréchent

Wéinst der Dréchent gëtt et fir d'Baueren ëmmer méi schwiereg hiert Véi ze fidderen. Et ass net genuch gewuess a fir de Christian Wester gëtt et ëmmer méi schwéier, d'Kéi op sengem Betrib ze fidderen.

auto_stories

3 min

Eng 400 Kéi huet de Christian Wester zu Alzeng. An déi iessen nawell vill: iwwer siwen Tonnen iesse seng Sträichkéi den Dag. "Do braucht Der schonn e Pak, fir déi ee Joer laang sat ze kréien." Dem Christian Wester säi Betrib setzt zum gréissten Deel op d'Mëllechproduktioun. Et sinn och d'Mëllechkéi, déi am meeschte friessen.

"Eng Kou, déi Mëllech gëtt, dat ass eppes wéi en Extremsportler. Eng Kou, déi 40 Liter den Dag gëtt, dat ass wéi wann Dir all Dag e Marathon géift lafen. Wann der Dat just mat enger dréchener Kuuscht Brout an engem Glas Waasser maacht, da maacht der dat dräi Deeg laang a spéitstens dann haalt der op."

Bei de Kéi wier et d'selwecht, dofir bräichte se eng ausgeglachen Ernärungsgrondlag. Déi Ernärungsgrondlag besteet aus verschiddene Fudderelementer. Haaptsächlech Stréi, mee och Mais. Fir eng ausgeglachen Ernärung komme Kären an Eewäiss, wéi zB Soja-Schrot oder Raps-Schrot, derbäi.

Et ass net vill gewuess

De Bedarf u Stréi ass déi lescht Joren ëmmer méi problematesch ginn. De Grond dofir ass de Klimawandel, dee méi Dréchente mat sech bréngt. Haaptsächlech géif de Baueren d'Grondfudder feelen, zielt de Christian Wester.

Déi leschte Jore wier net vill gewuess an dofir hätt säi Betrib dëst Joer erëm ugeplanzt, datt ee selwer kéint Grondfudder kréien. Leider hätt dat awer net esou geklappt. Obwuel d'Fläch, op där ugebaut ginn ass, méi grouss war, hätt ee manner Fudder wéi zejoert kritt. Et wier einfach ze dréchen, seet de Christian Wester. "Mir fueren elo bäi mat de Reserven."

Hien hofft, datt den Hierscht dëst Joer e bësse méi naass gëtt wéi de Summer, "awer net esou naass wéi zejoert". D'Gras kéint dann nach eng Kéier wuessen.

De Bedarf u Stréi ass grouss

D'Recolte vum Weess fir de Summer ass mëttlerweil ofgeschloss. Et hätt een dëst Joer manner kritt wéi soss. "Stréi ass e grousse Problem dëst Joer", zielt de Christian Wester, an dat iwwerall am Land. Well d'Baueren awer op de Weess ugewise sinn, misste se deelweis wäit fueren, fir es ze kréien.

Dat bréngt extra Käschte mat sech. Fir deem entgéintzewierke ginn et zwou Méiglechkeeten, seet de Christian Wester. Wann d'Fudder relativ bëlleg wier, da géif et Sënn maache fir d'Béischten ze halen, se ze mäschten an duerno ze verkafen. Wann d'Fudder awer deier ass, da géif een d'Käschten net gedeckt kréien. Dann hätt ee besser "Ein Ende mit Schrecken als ein Schrecken ohne Ende" ze maachen.

De Problem wäert bleiwen

De Staat bitt Versécherungen un, wa Schied wéinst extreme Wiederphenomener entstinn. Dovunner mécht de Christian Wester fir den Ament net Gebrauch. Hie seet, dat Instrument géif extra Käschte mat sech bréngen, ouni eng Garantie, datt et sech lount.

Et wier e Spagat, deen e Bauerebetrib haut maache misst. Duerch de Klimawandel wäerten Hëtzt a d'Knappheet u Waasser zur Realitéit gehéieren. An d'Kéi wäerten trotzdeem musse gefiddert ginn.