Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Frot och op der Bank no Fairness- an Ekolabelen"

Dag vun de Mënscherechter

"Frot och op der Bank no Fairness- an Ekolabelen"

Vill Leit passen am Supermarché dorop op, datt de Café oder d'Banannen, déi se kafen, ökologesch an ënner faire Konditioune produzéiert goufen. Wann een op d'Bank geet fir seng Suen ze investéieren, huet een dee Reflex net onbedéngt. Zu Onrecht, mengt de Finanzaffekot Charel Muller.

auto_stories

2 min

De Charel Muller, Matgrënner vun der ASBL Finance and Human Rights, betount, datt och Privatpersoune bei Investissementer net sollen zécken, d'Bank ze froen ob et eng Garantie gëtt, datt d'Mënscherechter respektéiert ginn:

"Déi meescht Lëtzebuerger gi bei hir Bank, wa se e Finanzproduit kafen. Ech géif si encouragéieren, wa si d'nächste Kéier bei hir Bank ginn, an dat Gespréich wëllen hunn, datt se dann ufänke Froen iwwer Ëmwelt a Mënscherechter ze stellen. (...) Dat ass och eppes, wou och de Conseiller vun der Bank sech lues a lues wäert mussen dru winnen. (...) Et ass och eng europäesch Direktiv am Kommen, déi Beroder soll forcéieren, hire Clienten déi Froen ze stelle - wat am Moment net de Fall ass."

Op der Bank nom Label froen

Et géif och mat Luxflag ee Lëtzebuerger Label fir Finanzproduite ginn, deen international eng ganz gutt Reputatioun hätt. Domat kéint een sech méi sécher sinn, datt keng Mënscherechtsverletzunge am Finanzproduit mat dra sinn.

Et misst een ewéi bei all Label awer dorop oppassen, datt et "e gudde Label" wier. Och d'Europäesch Unioun wier am Gaang un engem Eko-Label, "dee selwechte Label, deen et fir Bananne gëtt", fir Finanzproduiten ze schaffen. "Dat kennt also; an een, zwee Joer wäert dir en zertifiéierten, europäesche Label fir Finanzproduiten hunn", esou de Claude Muller.

De Fonge Lizenzen entzéien?

De Finanzaffekot fuerdert och méi streng Reegele fir Investmentfongen. D'Fonge misste garantéieren, datt si keng Aktivitéite finanzéieren, bei deenen d'Mënscherechter net respektéiert ginn. Fongen, déi ëmmer nees géint d'Reegele verstoussen, missten esou guer hir Lizenz kënnen entzu kréien.

Dem Charel Muller no wieren och déi meescht Finanzinstituter dofir, datt kloer gesetzlech Reegele geschaaft ginn.