De Félix Eischen als Generalsekretär, den André Martins an de Georges Heirent als Caissieren souwéi d'Stephanie Weydert als Member vum Verwaltungsrot hunn de Moien ausgesot, datt si mat deem Aarbechtskontrakt vum Frank Engel averstane gewiescht wieren, dat obwuel dat bis dohinner net usus gewiescht wier.
De Frank Engel sollt als Géigeleeschtung de Frëndeskrees nees beliewen an eng nei Immobilie als Parteizentral sichen. D'Demande fir dee Kontrakt wier vum Frank Engel komm, deen selwer erkläert huet, datt hien fir déi Aarbecht och eng Pai zegutt gehat hätt. Allerdéngs konnt hien de Moie keng konkret Géigeleeschtung virbréngen.
Interessant och d'Fro firwat d'Membere vum Frëndeskrees eng Decisioun, déi se fir richteg gehalen hunn, op eemol beim Parquet denoncéiert hunn. Der Stephanie Weydert no hätten d'Memberen aus der CSV-Fraktioun, an do virun allem d'Juristen, Drock op si gemaach. Dofir hätte si sech och selwer denoncéiert.
De Prozess geet e Mëttwoch Mëtteg virun.