Fréieren NSA-Chef Minihan am 100,7-Interview
Den Lieutenant General Kenneth A. Minihan war vun 1996 bis 1999 Direkter vun der National Security Agency. Lo ass hien un der Schnëttstell tëscht dem ICT-Secteur an de Geheimdéngschter aktiv: Seng Venture Capital Firma “Paladin Capital Group” investéiert a Start-Ups, déi Sëcherheetstechnologieën entwéckelen, déi och fir d’NSA kënnen nëtzlech sinn. Der New York Times no, gëtt et keng aner Persoun, déi déi ëmmer méi enk Relatiounen tëscht der NSA a Silicon Valley besser verkierpert, wéi de Kenneth Minihan. Mat däer Beschreiwung seet dee Concernéierten sech am 100,7-Interview net d'accord. Och net korrekt sinn dem fréieren NSA-Chef no iwwerdeems déi meescht vun de Medieberichter iwwert d’Dokumenter, déi den Edward Snowden public gemaach huet (wéi zum Beispill en Documentaire gëschter um däitsche Sender ARD iwwert der NSA hiren Interessi u Leit, déi mat der Anonymiséierungstechnologie Tor a Kontakt kommen).
Lëtzebuerg wier iwwerdeems eng ideal Plaz fir een “Exzellenz-Zentrum” fir Investissementer an nei Cyber-Technologien opzebauen: am Kader vun der “ICT Spring Conference” huet de Kenneth Minihan entspriechend Gespréicher mat de lokalen Acteure gefouert. Am Gespréich mam Pia Oppel erklärt de 70 Joer ale fréieren Air Force Offizéier och, firwat d’NSA-Affär a sengen Ae kéint positiv Konsequenzen hunn fir d'Demokratie an och fir d'Relatiounen tëscht den USA an der EU. De Kenneth Minihan ass sech iwwerdeems sëcher, dass mir weder am Szenario vum Orwell sengem "1984", nach am Huxley senger “Brave New World” liewen: