Déi privat Societéit ronderëm d'Héichsécherheetsinfrastruktur, wou Wäertgéigestänn steierfräi kënne gelagert ginn, géif zanter Jore just Pertë maachen, seet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.
Am leschte Bilan géifen d'Pertë sech op iwwer aacht Milliounen Euro belafen, seet den CSV-Deputéierten. Dat géif Lëtzebuerg net gutt zu Gesiicht stoen, fënnt hien. D'Finanzministesch wéilt awer net intervenéieren a géif sech hanner dem Steiergeheimnis verstoppen.
An der Reunioun vun der Chamber-Finanzkommissioun um Méindeg hätt d'Yuriko Backes op Nofro vun der CSV hi gesot, et géife Reegele gi fir de Fall, wou eng Faillite beim Freeport géif antrieden.
Proaktiv géint méiglech Faillite vum Freeport virgoen
Dat geet dem Laurent Mosar awer net duer, hie fënnt d'Regierung misst handelen a sech doriwwer informéieren, wéi d'Aktionäre sech d'Zukunft vum Freeport hei am Land virstellen, seet den CSV-Deputéierten.
"Mir géifen eis wënschen, datt ee proaktiv agéiert fir dat Schlëmmst ze verhënneren, an dat ass eng Faillite vum Freeport."
De Laurent Mosar mengt net, datt eng méiglech Faillite vum Freeport zur gudder Reputatioun vun der Lëtzebuerger Finanzplaz bäidréit. "An dat ass den Ënnerscheed tëschent eiser Appreciatioun vum Dossier, an där vun der Madamm Minister", esou de Laurent Mosar.
Update vum 27. September um 18h:
De Finanzministère reagéiert op Nofro hin schrëftlech:
"De Staat huet de Kader gesat fir d'Aktivitéit vum Freeport ze erméiglechen an ze encadréieren, notamment wat d'Anhale vun Steier-Reegelen an och Anti-Blanchiments-Reegelen ugeet. Et ass awer net um Staat, fir bei enger Privatfirma oder hirem Aktionär ze intervenéieren, wann enger Firma hir Aktivitéiten sech net esou entwéckelen, wéi si dat virgesinn hat an/oder keen Benefice mécht."