Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - The Time Is The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franz Fayot: Lëtzebuerg wëllt Ukrain beim Erëmopbau hëllefen

Krich an der Ukrain

Franz Fayot: Lëtzebuerg wëllt Ukrain beim Erëmopbau hëllefen

Méi wéi 40 Staaten an international Organisatiounen hunn zu Lugano decidéiert der Ukrain beim Erëmopbau ze hëllefen. Mëttelfristeg si si sech op siwe Grondprinzippien eens ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Erëmopbau misst transparent an ouni Korruptioun verlafen, esou de Franz Fayot no der Konferenz. Bei der Direkthëllef wëllt Lëtzebuerg sech virop dofir asetzen, datt d'Leit an der Ukrain virum Wanter en Dag iwwer dem Kapp hunn, esou de Wirtschaftsminister am 100,7-Interview.

D'Ukrainer missten elo gehollef kréien, ier de Wanter kënnt, esou de Franz Fayot. Am Beräich vun den Heizsystemer, Schoulen, Spideeler a virop am Logement wier grouss Hëllef néideg esou de Wirtschaftsminister:

"Et goufe vill Haiser zerstéiert. An do gëtt et Projeten, wéi zum Beispill a Polen, déi sou Containerwunnengen opgebaut hu fir 12 Méint. Dat ass eng vun de villen Urgencen, wou mir kënne mat intervenéieren a kucken, fir déi néideg Finanzementer fräi ze maachen."

Och am Educatiounsberäich wier de Besoin no direkten Hëllefen héich, seet de Franz Fayot.

Wéi vill Sue Lëtzebuerg zousätzlech zu de 4 Milliounen Euro un Humanitärer Hëllef wëllt zur Verfügung stellen, wier nach net kloer esou de Franz Fayot.

An éischter Linn humanitär Hëllef leeschten

Dat géif elo an den nächste Wochen decidéiert ginn. A verschidde Länner ass och de Privatsecteur am gaange sech ze mobiliséieren. Bis op ee konkrete Projet am Beräich vu modulären Haiser hätt de Wirtschaftsminister d'Lëtzebuerger Entreprisen awer nach net approchéiert.

Et géif an éischter Linn net drëm goen "eis Entreprisen do ze positionéieren", seet dozou de Franz Fayot. Et géif an éischter Linn drëms goe fir humanitär ze hëllefen.

Niewent den direkten Hëllefe soll den Opbau vun der Ukrain mëttelfristeg och Reforme virundreiwen a parallel mat der Kandidatur zu der Adhesioun vun der Europäescher Unioun verlafen esou de Franz Fayot.

Deemno hält d'Lugano-Deklaratioun fest, datt d'Ukrain dee ganzen Erëmopbau steiert an datt d'Reforme musse virugoen.