Franséisch-sproochege Radio: keng Gefor fir Vilfalt vun der Medie-Landschaft

Duerch de geplangten neie franséisch-sproochege Radios-Sender - eng Joint-venture vun RTL Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Wort - geréit d’Vilfalt an der Medie-Landschaft net a Gefor: dat huet de Generaldirekter  vum Grupp Saint-Paul Paul PECKELS haut am 100,7-Interview erklärt.

Gëschter war jo bekannt ginn, datt Ufank Februar 2014 een neie Radios-Sender a virun allem franséischer Sproch soll lancéiert ginn, a Collaboratioun mat RTL2 aus Frankräich.

Dëse Radios-Sender wäert déi dräi aktuell Radios-Frequenze vum DNR benotzen. Explikatioune vum Paul PECKELS zu de néidegen Autorisatiounen...

 

Souwäit de Paul PECKELS, zënter Mëtt September neie Generaldirekter vum Grupp Saint-Paul.

Fir déi véier Leit Personal, déi de Moment nach beim Radio-Sender DNR agestallt sinn, wier eng intern Léisung fonnt ginn. De ganze Grupp Saint-Paul beschäftegt aktuell nach knapp iwwer 400 Leit an de verschiddenen Aktivitéiten: wou ee mat der Ëmsetzung vum Sozialplang bei Saint-Paul drun ass, wollt de Paul PECKELS iwwregens net präziséieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen