Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel bleift CSV-President

Interne Sträit

Frank Engel bleift CSV-President

De Frank Engel ass weiderhi President vun der gréisster Oppositiounspartei. Hie wéilt dat och bleiwen a géif um nächsten digitalen Parteikongress de 17. Oktober keng Vertrauensfro stellen.

auto_stories

2 min

De Frank Engel bleift CSV-President

De Frank Engel gesäit an, datt hien keng Proposen an der Ëffentlechkeet kéint uschwätzen, ouni mat de Gremien doriwwer ze schwätzen. Déi Verwerfung géif him awer leed doen, well hien zwar net am Numm vun der Partei geschwat huet, awer mat hir associéiert ass. Hien hätt awer net wëlle provozéieren, ënnersträicht de Frank Engel. An Zukunft wëllt hien esou Diskussiounen als éischt an der Partei féieren. "Déi Léier hunn ech gezunn."

Den CSV-President versteet, datt d'Deputéiert sech un e Walprogramm hale wëllen, mat deem si 2018 an d'Chamber gewielt gi sinn.

Wéi vill Muecht huet de Parteipresident?

An engem Communiqué hat d'CSV sech géint dem Frank Engel seng Propose positionéiert. Dëse Communiqué hätt hie selwer net geschriwwen, mee guttgeheescht.

"Ech wollt verhënneren, dat do d'Impressioun géif entstoe wéi wann déi national Gewielte vun der CSV hire Parteipresident géifen an d'Positioun brénge wou dee géif soen 'Dir oder ech'. Dat ass net de Fall."

An den nächste Méint géif elo parteiintern iwwer déi programmatesch Ausriichtung verhandelt ginn. Wärend deem Prozess wéilt hie sech mat ëffentleche Fuerderunge staark zeréckhalen, esou de Frank Engel.

Wéi vill Gewiicht kann ee Parteipresident an deem Fall nach hunn? "Dat fanne mer an den nächste Méint eraus", seet de Frank Engel. Ob hien op laang Siicht Parteipresident bleift, wéilt hien da spéitstens Enn d'nächst Joer decidéieren.

"Et gouf keng Gehierwäsch"

De Frank Engel mécht sech Suerge iwwer den Zoustand iwwer d'Staatsfinanzen an iwwer d'Gesellschaft, wann den Ausmooss vun der Corona-Kris wierklech siichtbar gëtt, esou den CSV-President. Et wier nach net virauszegesinn, wéi grouss d'Lächer am Staatsbudget wäerte sinn, wéi vill Leit am Chômage wäerte sinn a wéi vill Betriber Faillite wäerte maachen. "Mir wëssen net, wéi grouss d'Wonne wäerte sinn."

De Frank Engel hätt seng Meenung zu der Ierfschaftssteier an direkter Linn an zu der Verméigenssteier awer net "iwwer Nuecht" geännert. An enger Partei wier et eben esou, datt een net mat alle Propositiounen zu 100 Prozent averstane wier.

D'Membere vum CSV-Nationalcomité hate gëschter Owend eng Videokonferenz vu ronn dräi Stonnen. De Frank Engel hat an der Press eng méi staark Besteierung vum Räichtum gefuerdert, fir d'Corona-Kris besser ze geréieren. Hien hat eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an eng Verméigenssteier fir Privatpersoune proposéiert. Dës Propose waren awer net mat de Parteigremien oder der CSV-Fraktioun ofgeschwat, wat zu enger Konfrontatioun mat der CSV-Fraktioun a mat der CSJ gefouert hat.