Françoise Folmer (Déi Gréng) - Romain Schmit (Handwierkerfederatioun)

D’Handwierkerfederatioun fuerdert, datt de Staat sech an Zukunft manner an d’Lounpolitik vun de Betriber amëscht. Den Index wier haaptsächlech néideg wéinst den ëmmer méi héije Präisser um Wunnengsmaart, sot de Romain Schmit, Direkter vun der Fédération des Artisans, den 23. September an engem Face-à-Face mam Françoise Folmer.

“Soulaang d’Liewen an d’Wunnen zu Lëtzebuerg esou deier sinn, kann een net op den Index verzichten”, esou d’Äntwert vun der Kandidatin vun Déi Gréng. D’Propose vun der Handwierkerfederatioun fir de Bauperimeter z’erweideren, ass fir Déi Gréng net d’Léisung. Déi fräi Terrainen, déi nach am aktuelle Bauperimeter leie, missten endlech op de Marché kommen. “Fir de Problem an de Grëff ze kréie, muss endlech a Saache Landesplanung gehandelt ginn”, esou de Romain Schmit.

De ganze Face-à-Face, moderéiert vum Carole Schimmer, kann hei nogelauschtert ginn:

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen