Den Ament gëtt um Stéck tëschent dem Lycée Vauban an dem Terminus beim Stadion, dem sougenannte Pôle d'Échange Cloche d'Or geschafft. Am Februar Mäerz d'nächst Joer gëtt dann d'Verbindung tëschent dem Bouneweger Lycée an dem Lycée Vauban an Ugrëff geholl.
Déi komplett 16,4 Kilometer laang Tramsstreck vum Findel bis bei de Stadion soll dann am Hierscht 2024 fäerdeg sinn, esou de François Bausch.
Gréissten Deelstéck ass fäerdeg
Dat schwéierst Stéck matzen duerch d'Stad hätt een elo gepackt, seet de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. Déi Streckenofschnëtter déi elo gebaut ginn wieren net méi sou opwänneg.
"Wann Dir herno eng Kéier Richtung Esch fuert, jo do hutt Dir manner Contrainten. Et kommen nach e puer méi komplizéiert Stécker - dat ass d'Areler Strooss zum Beispill an der Stad. Dat gëtt nach e bësse méi komplizéiert."
Zousätzlech Chauffeuren a Rammen
Och mam Flavio Becca, deem een Terrain op der Cloche d'Or gehéiert, iwwert deen den Tram spéider soll fueren, wier een "a konstruktive Gespréicher" an déi zwou Partië wieren "gudde Wëllen" fir datt en Accord géif fonnt ginn. Hie wier optimistesch, datt an den nächsten zwou Wochen een Arrangement kéint fonnt ginn.
Méi Tramstreck heescht och méi Rammen a méi Chauffeuren: Wann den Tronçon tëschent dem Bouneweger Lycée an dem Stadion a Betrib géif goen, wäert LuxTram eng zéng weider Tram-Chauffeuren astellen an zwou zousätzlech Rammen asetzen, preziséiert nach de LuxTram-Direkter André von der Marck. Dës Rekrutementer wäerten an der zweeter Hallschent 2023 gemaach ginn.