France Oly (Piratepartei) - Fréd Ternes (CSV)

D’Piratepartei ass géint Fraequoten. Et wär egal op ee Mann oder Fra ass, duerno géing d’Piratepartei net kucken. Dat sot déi 19 Joer aal France Oly, Kandidatin vun der Piratepartei am Face-à-Face mam Fred Ternes vun der CSV. D’Kandidate géingen net nom Geschlecht ausgewielt gi, a Quote géingen d’Mentalitéite ganz sëcher net änneren. Ennert de 60 Kandidate bei de Pirate sinn 12 Fraen.

Wat Transparenz vum Staat a vun Entscheedungs-Prozesser ugeet ass de 26 Joer aale CSV-Kandidat Fréd Ternes der Meenung, datt sech de Bierger nieft dem geplangten Informatiounszougangsgesetz, informéiere kann andeems e sech a Parteien an a Parteigremien engagéiert.

De ganze Face-à-Face, moderéiert vum Mick Entringer, kënnt Der hei nolauschteren:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen