Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräiwëlleg mat AstraZeneca impfe loossen

Decisioun vum Regierungsrot

Fräiwëlleg mat AstraZeneca impfe loossen

Vun der nächster Woch u kënne Leit am Alter vun 30 bis 54 Joer sech aschreiwen, fir sech fräiwëlleg mam Impfstoff vun AstraZenca impfen ze loossen: Dat hunn de Premier Xavier Bettel an de Gesondheetsminister faisant fonction Romain Schneider nom Regierungsrot ugekënnegt.

auto_stories

2 min

De ganze Bäitrag lauschterenplay_arrow


De Vaccin vun AstraZeneca wäert donieft virun agesat ginn, fir Leit, déi hir éischt Dosis vun dësem Impfstoff scho kritt hunn. Et wier wichteg esou séier wéi méiglech - hoffentlech virun der grousser Vakanz - eng Herdenimmunitéit ze erreechen, esou de Premier, dee sech och selwer mat AstraZeneca wëllt impfe loossen, wéi hien op Nofro annoncéiert huet.

Dem Premier no, hätt den nationale "Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses" a sengem Avis dës Woch festgehal, datt den Impfstoff vun AstraZenca am Prinzip net fir Leit ënner 55 Joer soll agesat ginn ginn: D'Regierung huet also haut eng aner Decisioun geholl.

D'Restriktioune wéinst der Corona-Pandemie - dorënner d'Ausgangsspär nuets - sollen der Regierung no ouni gréisser Changementer bis de 15. Mee mat a Kraaft bleiwen. Nei ass, datt erëm méi wéi zéng Leit zesumme solle kënne Sport maachen. Nei ass och, datt zéng Leit zesumme solle kënne Musek maachen.

Dat deementspriechend Gesetz muss nach d'nächst Woch vun der Chamber gestëmmt ginn.

Wann d'Infektiounszuelen an d'Zuel vun de Leit an de Klinicken et erlaben, kéinten et no Mëtt Mee weider Ouverturë ginn: De Premier huet d'Ausgangsspär genannt, an d'Zuel vun de Leit, déi een doheem kann ëmfänken.