An enger éischter Reaktioun hunn déi zwee sech erléist gewisen.
De Frank Engel huet eng Plainte wéinst Dénonciation calomnieuse an Aussiicht gestallt, dat géint déi Persoune bannent senger fréierer Partei, déi hien denoncéiert hätten.
Seng Affekotin Lydie Lorang sot de Moien, d'Affär Frëndeskrees hat ni solle viru Geriicht landen. De Parquet hätt sech instrumentaliséiere gelooss. Si hofft, datt Parquet net an Appell geet.
Et goung an der Affär ëm d'Fro ob de Frank Engel e fiktive Kontrakt krut, mat deem hie wärend siwe Méint 38.000 Euro verdéngt huet, ouni eng Géigeleeschtung ze bréngen. Et goung och ëm d'Fro, firwat de Frank Engel iwwer de Wee vun zwee Virementen iwwer 8.000 Euro Sozialkotistatioun aus der Parteikeess zeréck krut. Dat schrëftlecht Urteel läit nach net vir.