Et war legal, datt de Srel am Joer 2007 de Geschäftsmann Loris Mariotto ofgelauschtert huet, esou d'Riichter an hirem Urteel, dat eis virläit. Fir d'Geriicht ass kloer, datt den deemolege Premier Jean-Claude Juncker d'Ecoute autoriséiert huet. Déi legal Prozedur wier respektéiert ginn.
Dat Urteel huet de Riichter Marc Thill de Moien um Stater Geriicht gesprach. D'Defense huet d'Urteel begréisst. Dee "Spuk" hätt elo endlech en Enn, esou de Pol Urbany, Affekot vum André Kemmer. De fréiere Srel-Direkter Marco Mille an d'Mataarbechter André Kemmer a Frank Schneider brauchen dowéinst och kee Schuedenersatz un de Loris Mariotto ze bezuelen.
Eng Ecoute virun 13 Joer
De fréiere Geheimdéngscht-Direkter Marco Mille a seng zwee deemoleg Mataarbechter Frank Schneider an André Kemmer kruten am Prozess virgeheit, de Geschäftsmann Loris Mariotto virun dräizéng Joer illegal ofgelauschtert an Dokumenter aus dem Srel illegal matgeholl ze hunn.
D'Affekote vum Loris Mariotto a senger Fra hate Schuedenersatz gefrot: fir de Loris Mariotto e symboleschen Euro. Fir d'Firma vum Loris Mariotto 10.000 Euro, déi sollen un Amnesty International gespent ginn a fir d'Ex-Fra vum Loris Mariotto 10.000 Euro.
Jean-Claude Juncker war Zeien am Prozess
De fréiere Premier Jean-Claude Juncker (CSV) hat am Prozess als Zeien ausgesot. Hien hat gesot, hie géif sech dräizéng Joer no de Faiten net méi erënneren, ob hien d'Ecoute op de Loris Mariotto deemools autoriséiert hat oder net.
De Parquet huet 40 Deeg Zäit fir an Appell ze goen. Am Prozess am Mäerz hat de Parquet dem Geriicht geroden eng Geldstrof géint déi dräi féier Srel-Mataarbechter ze decidéieren, d'Defense hat de Fräisproch gefrot.