Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Limitte fir den Handy

Fräie Mikro

Nei Limitte fir den Handy





Normal
0




false
false
false

LB-LU
X-NONE
X-NONE











































































































































































































































































































































































































/* Style Definitions */
table.MsoNormalTable
{mso-style-name:"Table Normal";
mso-tstyle-rowband-size:0;
mso-tstyle-colband-size:0;
mso-style-noshow:yes;
mso-style-priority:99;
mso-style-parent:"";
mso-padding-alt:0cm 5.4pt 0cm 5.4pt;
mso-para-margin-top:0cm;
mso-para-margin-right:0cm;
mso-para-margin-bottom:8.0pt;
mso-para-margin-left:0cm;
line-height:107%;
mso-pagination:widow-orphan;
font-size:11.0pt;
font-family:"Calibri",sans-serif;
mso-ascii-font-family:Calibri;
mso-ascii-theme-font:minor-latin;
mso-hansi-font-family:Calibri;
mso-hansi-theme-font:minor-latin;
mso-bidi-font-family:"Times New Roman";
mso-bidi-theme-font:minor-bidi;
mso-ansi-language:LB-LU;}

Mam COVID hu mir all eise Smartphone-Konsum verännert. D'Ecranszäite sinn an d'Luucht geschoss, och bei eise Kanner. Mir brauchen all nei Limitten, an déi missten am Alldag ze gebrauche sinn, seet d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

4 min

Si loossen elo hier Maske fort. Mee hire Smartphone huelen eis Kanner, wéi wa si nach ëmmer am Lockdown wieren.

D'Ecranszäite gi massiv an d'Luucht. Franséisch Studië soen, datt déi Jonk elo op de sozialen Netzwierker all Dag iwwer zwou Stonnen ënnerwee sinn - e Véierel méi wéi virum COVID. Zu Lëtzebuerg ass et net besser, déi Jonk hänken am Smartphone, all, iwwerall, ganz egal wat fir e Liewensstil a fir e sozialen Niveau. Et ass e generelle Phenomeen. Och eis Grondschoulkanner hunn entretemps all geléiert wéi eng Plattform funktionéiert an "teamsen" Owes mat de Kolleegen.

Ze vill Ecranszäit verursaacht Probleemer

Zéch Studië wäissen, datt de Mëssbrauch vum Smartphone psychologesch, kierperlech a sozial Problemer mécht, datt déi vill Zäit um Ecran d'Entwécklung vun eise Kanner negativ verännert. Mee wat geschitt?

D'Elitt am Silicon Valley passt scho laang op, mécht digital detox a gëtt hire Kanner keen iPhone. Offline ass déi nei Rolex. An och d'Elteren zu Lëtzebuerg passen op: Bei eis kréien déi meescht Kanner eréischt mat a zwielef Joer den éischte Smartphone. A Bee Secure huet am Radar 2022 festgestallt, datt déi Haaptsuerg vun den Elteren haut ass, datt d'Kanner ze vill Zäit am Handy sinn.

Reegelen am Ëmgang mat Ecrane si wichteg

A ville Famillje gëtt et dowéinst Reegelen. Bei der Bee Secure Ëmfro soen d'Elteren, bei hinne wier de Smartphone nuets a beim Iessen Tabu. An 80 Prozent behaapten, si wiere gutt oder ganz gutt informéiert iwwer dat, wat hier Kanner am Ecran kucken, ob déi elo aacht oder 16 Joer sinn.

Dat kléngt optimistesch. Wee vun eis weess scho genee, wéi Fortnite funktionéiert a wat op Roblox grad ugebuede gëtt. A wie fachsimpelt mam Kand wierklech iwwer den aktuellen Trend op Tiktok. Déi mannst vun eis hunn déi Zäit an och déi Kompetenz dofir. Am beschte Fall kucke mir Owes de Screentime-Report vun eise Kanner a rappelléieren d'Familljereegelen um Frigo: Eng Stonn Tablet pro Schouldag, keen Handy beim Iessen, een Dag pro Woch ouni Netz a nieft dem Bett kee Smartphone, mee de Wecker.

Frigosreegelen hate mir als Kanner och scho fir d'Tëlee - an dono fir de Botzdéngscht an der WG. Si liese sech relativ einfach. Mee an der Praxis si se tricky.

D'Ecranszäit provozéiert Konflikter an der Famill

Déi meescht Kanner hunn einfach Loscht op e Maximum Fortnite a vergiessen dobäi de Frigo. A mir als Elteren hunn och net déi Disziplin, all Owes de Smartphone vum Kand ze kontrolléieren. En plus packe mir et selwer net ëmmer, déi Frigosreegelen ze liewen a kommen als Virbiller an Erklärungsnout.

Haut ass d'Ecranszäit Ursaach Nummer eent fir Konflikter an der Famill. Mee si ass net just e privaten, mee och e gesellschaftleche Problem. Mir kommen net der laanscht, dat gemeinsam unzegoen.

Et brauch Opklärung a Sensibiliséierung

Et ass entretemps kloer, datt d'Kanner op all Schoulniveau hir Mediekompetenze mussen trainéieren. Codéieren an der Grondschoul an Digital Science am Lycée sinn nei Schoulfächer, an deene si och léieren, wéi wichteg Reegelen a Limitte sinn.

Elo missten och d'Eltere besser gehollef kréien. Firwat gëtt et net bei all Elterenowend an all Schoul Opklärung a konkrete Tipps, ouni hinnen dobäi e schlecht Gewëssen ze maachen: Aktuell Informatiounen zu Tiktok a Roblox, an en Ziedel mat Reegele fir de Frigo. Firwat gëtt et net eng landeswäit Campagne fir de Wecker? Oder e Sonndeg mat Digital detox fir ganz Lëtzebuerg?

Mir missten de Sujet ëffentlech a séier ugoen. A mir missten all d'Eltere sensibiliséieren, mat einfachen Tipps, op all Kanäl an all Sprooch. Fir datt Smartphone-Limitte fir all Famill normal ginn - wéi d'Mask am Bus.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.