Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fortschrëtt bei de Gespréicher tëscht SPD, Gréngen an FDP

Däitschland

Fortschrëtt bei de Gespréicher tëscht SPD, Gréngen an FDP

Zënter enger gudder Woch sinn SPD, Gréng an FDP an Däitschland amgaang ze sondéieren. Et gëllt ze klären, ob d'Parteien sech eens genuch kënne ginn, fir a Koalitiounsverhandlungen anzetrieden. Iwwert d'Inhalter vun de Gespréicher héiert een erstaunlech wéineg. Dat ass éischter en Zeeche vu Fortschrëtt, mengt eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

auto_stories

2 min

Iwwer Europa, Migratioun an nach eppes wier geschwat ginn. Dat sot de grénge Ministerpresident vu Baden-Württemberg, de Winfried Kretschmann, den Dënschdeg no de Gespréicher tëscht de méiglechen Ampel-Partner. Et sollt déi konkretsten inhaltlech Ausso vum Dag bleiwen an dat seet vill aus.

Nodeems déi lescht Woch déi éischt Sondéierungen tëscht Sozialdemokraten, Gréngen a Liberale gutt verlaf waren, hunn d'Parteien dës Woch domat ugefaangen, dat Ganzt ze verdéiwen. Wéi genau dat awer ausgesäit, doriwwer soen d'Vertrieder virun der Press näischt. Wann eppes gesot gëtt, da geet et méi ëm Gefiller an Atmosphär.

De Klimaschutz muss géigefinanzéiert ginn

Ob bis elo awer schonn Hürden opgedaucht sinn, do halen déi dräi Parteien dicht. Dat ass erstaunlech, mee aus hirer Siicht warscheinlech e gutt Zeechen. Géif eng Partei mierken, datt se bausse vir ass, géif se wuel no bausse stëppele goen - a wann et just wier, fir den Drock op d'Verhandlungspartner ze erhéijen.

Dobäi gëtt et jo, op d'mannst wann een d'Parteiprogrammer als Moossstaf hëlt, duerchaus Punkten, un deenen et Differenze gëtt. D'FDP wëllt zum Beispill op kee Fall iergendwellech Steiererhéijunge matdroen, d'Klimaschutzprogrammer vun Gréngen an SPD mussen awer iergendwéi finanzéiert ginn.

Kuerz virun offizielle Koalitiounsgespréicher

An den nächsten zwee Deeg wäert elo déi éischt haart Epreuve op d'Generalsekretäre vun den dräi Parteien zoukommen. Hinne gouf d'Aufgab iwwerdroen, aus de Sondéierungsgespréicher, déi et bis elo gouf, eng sougenannten Decisiounsgrondlag zesummenzedroen.

Jee nodeems wéi déi Recommandatioun ausgesäit, wäerten da viraussiichtlech Enn der Woch d'Parteigremie vun SPD, Gréngen an FDP doriwwer decidéieren, ob Koalitiounsgespréicher Sënn maachen, oder net.

Et bleiwen nach intern Hürden ze huelen

Et geet also elo an déi decisiv Phas. Mee: de Wee ass sécherlech nach laang. Well och wa sech d'Parteispëtzten eens ginn, hunn déi eenzel Parteien nach intern Hürden ze iwwerwannen.

Bei de Gréngen wäert wuel e klenge Parteidag driwwer entscheeden, ob si mat a Koalitiounsverhandlunge ginn. Bei der SPD ass dat ënner Ëmstänn och eng Méiglechkeet. Wann et bis souwäit ass, dierften d'Chance vun der Ampel awer net allze schlecht stoen: Bei de Membere vun SPD a Gréngen ass déi Rout-Gréng-Giel Koalitioun déi favoriséiert Regierungsoptioun.