Fonds du Logement: Chamber stellt sech Froën
D’Logementsministesch Maggy Nagel huet d’Chamber iwwer d’100,7-Nouvelle vun engem méiglechen trafic d’influence beim Fonds du Logement informéiert. D’Deputéiert hunn ofgemaach net iwwer d’Reunioun ze schwätze well de Parquet mam Dossier befaasst ass. “Mir musse lo ofwaarden ob eng Instruktioun opgemaach gëtt”, esou den DP-Deputéierte Guy Arendt, deen déi zoustänneg Logementskommissioun presidéiert.
Den Daniel Miltgen, President vum Fong, hätt der Ministesch schrëftlech op d’Virwërf geäntwert. D’Maggy Nagel wéilt awer nach Präzisiounen. De staatleche Fonds du Logement huet sech 2011 engagéiert engem private Promoteur ze hëllefen datt deem seng Terrainen an de Bauperimeter opgeholl ginn.
De Bäitrag vum Jean-Claude Franck: