Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Berwick Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Preshovo, sechs Méint méi spéit

Flüchtlingscamp

Preshovo, sechs Méint méi spéit

Trotz de wanterleche Wiederkonditiounen trieden nach ëmmer vill Flüchtlingen, virun allem aus dem Mëttleren Osten, déi geféierlech Rees a Richtung Westeuropa un. Dee Wee féier och duerch d'Regioun ronderëm déi mazedonesch-serbesch Grenz. De Michael Feit vun der Lëtzebuerger Caritas ass zu Preshevo fir ze hëllefen.

Pierre Reyland / ckl

auto_stories

3 min

D'Caritas Lëtzebuerg hëlleft och zu Preshovo mat ( © Michael Feit, Caritas)

Preshevo ass fënnef Kilometer vun der mazedonescher Grenz ewech. D’Caritas Lëtzebuerg ass eng vu villen ONG’en, déi do an engem Opfanglager an engem Camp hëllefen, d’Flüchtlingen ze versuergen. Hir Rees bis op Preshevo, fir d’éischt iwwert d’Mier, an duerno e groussen Deel ze Fouss oder mat Buser, war laang an haart. Zu Preshevo gi se registréiert an hunn da 24 Stonne laang Zäit, fir weider ze reesen.

D’Flüchtlingszuelen hätten den Ament e bëssen ofgeholl, seet de Michael Feit, ee vun de Responsabele bei Caritas Lëtzebuerg fir d’Gestioun vun internationale Projeten. Den Ament géife 500 Leit pro Dag kommen, 80% dovunner aus Syrien. Opfälleg wier, datt elo manner gutt situéiert Flüchtlinge kommen. "Déi éischt Méint si Leit komm déi och nach Suen hate fir duerno mam Taxi oder mam Zuch weiderzefueren. An et ware Leit déi alleng waren, vill jonk Männer. Haut sinn et bal just Famille mat klenge Kanner, déi vill manner Suen hunn", erkläert de Michael Feit vun der Plaz aus.

Besser organiséiert 

D’Caritas hëlleft hinne vun 8 bis 10 Auer Moies, duerno iwwerhuelen aner ONG’en. Prioritéite sinn Iesse – eng waarm Zopp, Téi, Bréidercher – a Kleeder. D’Leit brauche Reejacketten, Mutzen, Schong, Wanterkleeder. Den Ament ass d’Wieder nees e bësse besser, seet de Michael Feit. Mee virun enger Woch huet et fir d'éischt gereent an du geschneit, an d'Leit déi ukomm sinn, haten net déi passend Kleedung dobäi. "Dofir versiche mir dofir ze suergen, datt si séier an d'Waarmt kommen, an duerno weider kënnen", sou de Michel Feit. An dat, wa méiglech, mam Zuch, deen direkt bis un d’EU Baussegrenz fiert. 

Virdrun hunn d’Leit nach Kilometeren zu Fouss misse lafen. Dat ass awer alles elo besser organiséiert, seet de Michael Feit. Déi serbesch Autoritéite géifen och gutt mat den ONG’en zesummeschaffen an d’Flüchtlinge gutt behandelen, och wann dat ëmmer vun der Perséinlechkeet vun den zoustännege Polizisten géif ofhänken. "Déi eng spille mat de Kanner, anerer si méi radikal. Mee am Prinzip kann ee soen, datt déi serbesch Autoritéiten oppe sinn a besser organiséiert wéi nach viru sechs Méint", seet de Michel Feit. 

De Wanter kënnt erëm

D’Caritas huet zanter laangem schonn e Büro am Süde vu Serbien. Vun do aus ginn dräi bis véier Leit op Preshevo geschéckt, fir de Flüchtlingen ze hëllefen. D’Suen, déi zu Lëtzebuerg gespent ginn, géife vill hëllefen, seet nach de Michael Feit. Een Euro géif schonn duergoen, fir en Iessen op der Plaz ze bezuelen.

Gëschter an haut hätt d’Sonne geschéngt zu Preshevo. Ma de Wanter wäert nees zeréckkommen. Da gëtt et nees vill méi schwéier, fir d’ONG’en, a besonnesch fir d’Flüchtlingen.

De Bäitrag fir ze lauschteren: