Radioen

On air

Notturno  |  Treasure Chest At The End Of The Rainbow - Snake Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weiderhi Problemer mat Kaméidi ronderëm de Findel

Fluchverkéier zu Lëtzebuerg

Weiderhi Problemer mat Kaméidi ronderëm de Findel

Virun zwee Joer ass de Wee, dee Fligeren aschloe wa se vum Findel a Richtung Süde fléien, geännert ginn. Dat well eng Militärzon direkt hanner der Grenz an Däitschland rëm a Betrib geholl ginn ass. Doduerch wieren d'Nuisancen an den Dierfer ëstlech vum Findel däitlech an d'Luucht gaangen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Diskussioune ronderëm de Kaméidi um Findel sinn duerch eng rezente Question parlementaire nees ugestouss ginn. De Mobilitéitsminister François Bausch weist a senger Äntfert drop hin, datt déi nei Fluchschneis awer méi héich géif verlafen ewéi virdrun, wouduerch de Kaméidi eigentlech hätt misste reduzéiert ginn.

An der Praxis hätt de Kaméidi allerdéngs net ofgeholl, soe Kritiker.

Erhoffte Verbesserung ass ausbliwwen

Eleng d'lescht Joer huet d'Associatioun Défense des Intérêts des Habitants de Schuttrange et Environs - kuerz DIGHSE - eng 3.000 Doleancen un d'Administration de la Navigation Aerienne adresséiert. De Jean-Paul Schaul, Vizepresident vun der DIGHSE erkläert:

"Déi Fligeren hale vill méi laang, de Kaméidi bleift vill méi laang iwwer eisen Uertschafte wéi fréier. En plus si se fréier rausgeflunn, da waren se fort. Elo dauert dat eng Zäitche bis datt se fort sinn."

Fir de Kaméidi iwwer de concernéierten Uertschaften - dorënner sinn Iwwersiren a Schëtter - ze reduzéieren, wier d'Fluchschneis Enn 2020 eng 150 Meter gehéicht ginn, erkläert sengersäits den Yves Becker, Responsabele fir d'Ëmwelt bei der Administration de la Navigation Aérienne:

"Deemools ass d'Héicht vun 1.700 Fouss op 2.200 Fouss gehuewe ginn, wat am Fong also 500 Fouss, dat heescht Ronn 150 Meter sinn. An dat huet awer elo leider net déi Verbesserung bruecht, déi mer eis vläicht all erhofft haten."

Eng nach méi héich Fluchschneis als Leisung?

D'Experte vun der ANA géifen den Ament weider u Léisunge schaffe fir de Kaméidi ze reduzéieren.

Méiglecherweis kéinten d'Fligeren nach méi héich erop fléien, éier si a Richtung Süden ofdréinen, esou den Yves Becker. Dëst kéint awer mat sech bréngen, datt de Problem op aner Uertschaften, déi méi ëstlech leien, verlagert gëtt, seet de Responsabele fir d'Ëmwelt bei der ANA.

Am Oktober d'lescht Joer wier an engem Aarbechtsgrupp zesumme mat der ANA iwwert dës Léisungsusätz diskutéiert ginn, confirméiert de Vizepresident vun der DIGHSE.

D'Fluchschneis misst an hiren Ae vun den aktuell 2.200 Fouss op mindestens 3.000 Fouss gehéijt ginn. D'Fligere missten doriwwer eraus och bis op de Schluss vun der Piste erausfléien, esou nach de Jean-Paul Schaul.