Radioen

On air

De Moien  |  Carly Simon - You're So Vain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flavio Becca: Parquet freet Strof a Confiscatioun vun Aueren

Auereprozess

Flavio Becca: Parquet freet Strof a Confiscatioun vun Aueren

Am sougenannten "Auereprozess" géint de Promoteur Flavio Becca huet de Vertrieder vum Parquet elo am fréien Owend eng Strof vun dräi an engem hallwe Joer Prisong mat eventuellem Sursis gefrot, eng Geldstrof vun 250.000 Euro grad wéi d'Confiscatioun vun 324 vun den am ganzen 842 Aueren, ëm déi et an dësem Prozess geet.

auto_stories

1 min

De Premier substitut Guy Breistroff huet a sengem Plädoyer d'Gravitéit vun de Faiten erkläert: hien huet gefrot, datt de Flavio Becca vun der 12. Chambre correctionelle soll schëlleg gesprach ginn, wéinst "Abus de biens sociaux" a wéinst Blanchiment détention.

De Promoteur hätt sech bei sengen Entreprisen zerwéiert, wéi wann et säi private Besëtz gewiescht wier.

Well de Flavio Becca bis elo nach ni verurteelt gouf a well d'Faite relativ laang hier sinn, huet de Parquet net déi maximal méiglech Strofe gefrot.

Nom Motto "La société c'est moi", hätt de Beschëllegte sech fir de Kaf vun den Auere fir bal 18 Milliounen Euro bei sengen Entreprisen zerwéiert, wéi wann et säi private Besëtz gewiescht wier.

Mat der Replik vun der Defense vum Promoteur geet dëse Prozess um Mëttwoch Moien, 21. Januar op en Enn.

D'Affär war 2010 duerch Kontrolle vun de Steierverwaltungen un d'Rulle komm.