Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir eng aner Mobilitéit

Vëlosinitiativ

Fir eng aner Mobilitéit

D'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ hofft, datt d'Euphorie ëm de Vëlo, déi wärend dem Confinement entstanen ass, nohalteg erhale bleift, seet hir Presidentin Monique Goldschmit. De Wonsch vun der LVI ass et, datt de Schwong aus de leschte Wochen dauerhaft zu enger anerer Mobilitéit am Alldag féiert.

auto_stories

3 min

Dofir misst derfir gesuergt ginn, datt d'Sécherheetslacunnen am Reseau vun de Vëlospiste séier behuewe ginn. Op verschidde Plaze géifen d'Leit sech net trauen, op der Strooss ze fueren. "En Netz ass nëmmen esou gutt wéi säi schwächste Punkt."

Ganz vill Vëlosfuerer géifen um Trottoir fueren, och wann dat net erlaabt ass. "Mee déi Leit maachen dat net, well si wëllen um Trottoir fueren. Si maachen et, well si sech net trauen op der Strooss ze fueren, well si do Angscht hunn."

Infrastrukture fir de Vëlo bauen

D'LVI fuerdert, datt déi versprachen Infrastrukturen, wéi d'Bréck vum Cents op de Kierchbierg, endlech gebaut ginn. Dat géif bestëmmt vill Leit derzou beweegen, op de Vëlo ëmzeklammen, seet d'Monique Goldschmit, dovunner wier si zu 100 Prozent iwwerzeegt. "De Kierchbierg bleift nach ëmmer déi Plaz, wou déi meescht Leit schaffen, en huet Akafszentren a Sportinfrastrukturen."

D'Presidentin vun der Vëlosinitiativ ënnersträicht, datt déi Bréck et Vëlosfuerer méi einfach géif maachen, well d'Leit mam Vëlo kéinten um Cents erausklammen, fir vun do aus op de Kierchbierg ze fueren, amplaz op der Gare erauszeklammen.

Méi Plaz am Bus fir de Vëlo

Fir d'Vëlosinitiativ ass et och wichteg, datt et de Cycliste méi einfach gemaach gëtt, mam Vëlo an e Bus ze klammen. D'Monique Goldschmidt proposéiert dofir, datt an de Busse Plaz fir Vëloe gemaach gëtt, andeems een zwee bis dräi Sëtzer eraushëlt.

All neie Bus vum RGTR misst eng Plattform hunn, wou ee mam Vëlo einfach kéint erakommen. Dat hätten zwar déi allermeescht Bussen, "mee déi Plattform ass net grouss genuch, fir e Vëlo hinzestellen", bedauert d'Monique Goldschmidt.

"Et geet duer fir eng Kannerkutsch, a wann eng zweet Kannerkutsch do ass, geet dat och schonn nees net méi. Also brauche mer an eise Busse méi Plaz dofir."

Eng aner Verkéiersplanung

D'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ plaidéiert fir eng Neiausriichtung vun der Verkéiersplanung. D'Zil dovu misst et sinn, dem Vëlo méi Raum ze ginn. Et wier och wichteg eng Trennung tëschent Foussgänger a Vëlosfuerer ze maachen. De Konflikt géif de Moment vun der Strooss op den Trottoir verluecht ginn.

Momentan géife vill "double-mixte" Vëlospiste gemaach ginn, besonnesch an der Stad. Foussgänger a Vëlosfuerer missten da kucken, "wéi si mateneen eens ginn". D'LVI fuerdert dofir eng nei Planung "vu Fassad zu Fassad", esou datt dee ganze fräie Raum benotzt gëtt a sech net un den Autosspueren orientéiert.