Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finnland a Schwede virun der NATO-Dier

NATO-ERWEIDERUNG

Finnland a Schwede virun der NATO-Dier

Finnland wëllt Member vun der Nordatlantëscher Allianz Nato ginn. Dat hunn déi finnesch Premierministerin an de President den Donneschdeg annoncéiert. An der EU ass d'Resonanz positiv, Schweden huet och wëlles bei der Nato unzeklappen.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstcok / xbrch

Hei géif Europäesch Geschicht geschriwwen, sou d'Reaktioun, wéi en Donneschdeg de Moien de finneschen Ausseminister Haavisto Pekka an déi aussepolitesch Kommissioun am Europaparlament bäigeschalt gouf.

"Wëllkomm op där sécherer Säit", gouf hie vum Michael Gahler begréisst. Fir den däitsche Chrëschtdemokrat ass de Bäitrëtt vu Finnland an och geschwënn dee vu Schweden ee Signal vum Westen, datt ee wielt d'Friddenszon vergréisseren.

"De Putin gëtt net duerch Waffe vun der Nato menacéiert, mee duerch eng demokratesch Ukrain. Dorëms geet et. Déi kloer Äntwert vu Finnland ass een Zeechen dofir, datt mir zesummestinn an eis net zeréckzéien."

Lëtzebuerg ënnerstëtzt finnesch Demande

Ofgesi vun deene Lénke gouf d'Decisioun queesch duerch d'Parteie begréisst. "Ech denken, datt äert Land a mir all dovu profitéiere kënnen", sou de Reinhard Bütikofer. De Putin hätt sech selwer an de Knéi geschoss, sou den däitsche Gréngen, andeems hien duerch säi Krich an der Ukrain elo d'NATO méi no bei säi Land bréngt. Änlech reagéiert de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

"Dat doten ass eng vun de Konsequenzen, déi ee sech ni erwaart hätt virun dräi Méint. Datt zwee sou genannte neutral Länner, déi an hirer Traditioun am Fong haten, net Member ze si vun der NATO elo wëlle Member ginn. Dat huet de Putin gutt gemaach."

A Finnland, wat ëmmer op seng Neutralitéit gepocht huet, huet sech bannent Wochen d'Meenung par rapport zur Militär-Allianz ëmgedréint. Nach virun engem Joer ware just 20 Prozent fir een NATO-Bäitrëtt. "Elo sinn et 70 Prozent", sou den finneschen Ausseminister Haavisto Pekka am Parlament. Säi Land wielt virun allem Nato-Member ginn, fir d'Sécherheet an der Regioun vum Baltesche Mier an Nordeuropa ze stäerken.

Well déi Sécherheet an déi vu ganz Europa wier a Gefor, "virun allem wéinst dem russesche Behuele wat net méi virauszesoen ass", sou de Pekka, dee Member vun deene Gréngen a Finnland ass.

Schweden: Decisioun dëse Weekend

Och a Schweden huet de Wand gedréint. Haut gëtt am Parlament iwwert ee Bäitrëtt diskutéiert. Déi konservativ Oppositioun ass dofir.

"Elo wou mer eng kloer Decisioun aus Finnland hunn, läit et méi wéi jee op der Hand, datt Schweden deen nämmlechte Wee sollt goen" sot en Donneschdeg den Ulf Kristersson, Chef vun der konservativer a gréisster Oppositiounspartei am schwedesche Radio.

Déi sozialistesch Partei, déi d'Land regéiert, huet Wëlles e Sonndeg eng Decisioun ze huelen. Déi finnesch Annonce hätt dorop een Afloss, sou d'Ausseministerin Ann Linde.

"Schwede ka seng eegen Decisiounen huelen, mir hunn awer scho gesot, datt mir net kënne genee do bleiwen, wou mer haut sinn."

Kritesch gëtt deen Nato-Bäitrëtt a Schwede vun deene Lénke gesinn, si verlaangen ee Referendum. Et ass awer net dovun auszegoen, datt dat wäert geschéien.

Just nach véier EU-Staate net Member vun der NATO

Deemno kéint also am bis elo neutrale Schwede schonn de Weekend d'Decisioun geholl, an Uganks där nächster Woch, wann de finnesche President zu Stockholm op Besuch ass, eng gemeinsam Annonce gemaach ginn.

Gi Schweden a Finnland Member vun der NATO reduzéiert sech d'Zuel vun den EU-Länner, déi net an der Allianz sinn, vu sechs op véier. Et bleiwen nach Irland, Malta, Zypern an Éisträich als Net-Memberen iwwereg.