Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Libertines - Night Of The Hunter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzéierung vun der BBC op der Kipp

Groussbritannien

Finanzéierung vun der BBC op der Kipp

Wäert et 2027 a Groussbritannien eriwwer si mam taxefinanzéierte Geschäftsmodell fir ëffentlech-rechtlech Medien? Dorop kéinten Aussoe vun der brittescher Kulturministerin Nadine Dorries hindeiten. Si hat uklénge gelooss, datt d'Televisiouns-Taxe fir zwee Joer sollten agefruer an a fënnef Joer souguer ofgeschaaft solle ginn. Dëst huet fir eng Rei Reaktioune gesuergt.

auto_stories

2 min

Fändel vu Groussbritannien. Foto: Unsplash / Aleks Marinkovic

Lauschterenplay_arrow

Et wier "Kulturvandalismus" an "Deel vun enger Oflenkungsstrategie, fir allen ausser sech selwer d'Schold ze ginn", sot e Méindeg d'Labour-Expertin Lucy Powell beim Radiosender "Talk Radio".

De Boris Johnson war an der Lescht ëmmer méi an d'Kritik gerode wéinst Partien am Regierungssëtz wärend dem Confinement. Konservativ Tories-Politiker haten der BBC an dem Kontext eng negativ Berichterstattung virgehäit.

"The Times" kommentéiert, de Premier wéilt säin Image an der eegener Partei an der Ëffentlechkeet mat e puer populisteschen Aktiounen oppoléiere, ewéi dem Enn vun de Corona-Reegelen an England an engem méi schaarfe Virgoe géint Migranten.

En finanzielle Verloscht vun 3,2 Milliarde Pond

A fënnef Joer leeft de aktuelle Vertrag tëschent Staat a BBC of. Den Ament bezilt e brittesche Stot 159 Pond Tëlees-Tax am Joer. Wann dës ewechfalen, wier dat e finanziellt Lach vu ronn 3,2 Milliarde fir d'BBC. Konkret bedeit dat, datt wuel Aarbechtsplazen ofgebaut, respektiv Programmer a Spartekanäl misste gestrach ginn.

Dem "Guardian" géintiwwer hate BBC-Quelle vun enger extremer Schiedegung vun hirem Ruff geschwat.

E Cabinetsmember vum Boris Johnson huet e Méindeg op Antenn bei "Radio 4" schonns awer nuancéiert: D'Institutioun misst ënnerstëtzt a beschützt ginn, huet et geheescht. Et misst awer och eng "erwuessen Diskussioun" iwwer hire Finanzement gefouert ginn.

Weltwäit gëllt d'British Broadcasting Corporation als Beispill fir fräi a fairer Berichterstattung. Si gouf virun 100 Joer gegrënnt.