Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FHL: "Schonn e politeschen Arbitrage gefuerdert"

Gesondheetssecteur

FHL: "Schonn e politeschen Arbitrage gefuerdert"

D'Spidolsfederatioun géif sech klengen, dezentrale Strukturen net grondsätzlech verschléissen, esou hiren neie President, den Dr. Philippe Turk - soulaang se derzou bäidroen, déi medezinesch Versuergung ze verbesseren.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow
Den Dr. Philippe Turk ass President vun der Spidolsfederatioun FHL.

Kleng, dezentral Strukturen, an deene medezinesch Actë gemaach ginn, fir déi de Patient bis elo huet missen an e grousst Spidol goen, wiere fir d'Fédération des Hôpitaux net grondsätzlech tabu. Hiren neie President, den Dokter Philippe Turk ënnersträicht, datt d'FHL sech neien Optiounen net grondsätzlech géif verschléissen - soulaang se derzou bäidroen, déi medezinesch Versuergung ze verbesseren - an och nëmmen dann.

Keng Zwou-Klasse-Medezin schafen

D'Doktesch-Associatioun AMMD mécht sech jo staark dofir, datt där Strukture kënnen opgebaut a vun Doktesch-Gesellschafte bedriwwe ginn. Och d'Hôpitaux Schuman hu mat engem Projet zu Jonglënster ganz konkret Ideeën an deem Kontext.

D'FHL hofft awer, datt déi Pläng net de solidaresche Finanzement vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem a Fro stellen, esou den Dr. Philippe Turk, deen den 1. Juli d'Successioun vum Paul Junck bei der Spidolsfederation FHL iwwerholl huet:

"Mir wëllen och, wéi mer ëmmer soen, keng Zwou-Klasse-Medezin. Mer wëllen och keng Zwou-Klassen-Dokteren, wa Gesellschaften entstinn. Ech menge mir hu villes ze verléiere wann do wierklech un de Grondreegele géif gefréckelt ginn."

Nei Strukturen dierften och net d'Efforte vun de leschten 30 Joer a Fro stellen, fir d'Spidolslandschaft ronderëm déi véier grouss Bléck HRS, CHL, CHEM a CHdN ze organiséieren, esou nach den Dr. Philippe Turk:

"Wann d'AMMD vun extra-hospitalier schwätzt, schwätze se vu Saachen, déi aus dem Spidol sollen erausgeholl ginn. Mir hunn awer elo just konzentréiert, centripetal geschafft. Solle mer elo erëm méi erausgoen? An do ass dann d'Fro: fir wien ass dat gutt? Ass et am Sënn vun Accès aux soins fir de Patient, wat fir eis déi fundamental Fro ass? Oder geet hei éischter drëm, en Accès fir d'Dokteren ze schafen, fir datt si am Extra-hospitalier kënnen eng Aktivitéit starten. Do ass schonn e politeschen Arbitrage gefuerdert."