Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FHL begréisst dezentral Antennen am Spidolswiesen, AMMD ass skeptesch

Ambulant Strukturen

FHL begréisst dezentral Antennen am Spidolswiesen, AMMD ass skeptesch

Mat dezentralen Antennen uechtert Land soll d'Gesondheetsoffer hei am Land verbessert ginn, gëschter huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Projet de loi an dem Sënn presentéiert. D'Antenne sollen an Zesummenaarbecht mat de Spideeler bedriwwe ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi concernéiert Spidolsgruppen huelen dëse Plang duerchaus positiv op, och wann den Detail nach auszeschaffe wier, zum Beispill d'Fro, wéi eng Servicer do sollen implantéiert ginn.

De Philippe Turk, President vun der Fédération des Hôpitaux, gesäit hei nei Opportunitéiten. Et wier ee "ganz kloer" zefridden iwwer déi Léisung an et wier sënnvoll gemeinsam Léisunge mat Privatinitiativen ze fannen.

Koherenz am Gesondheetssystem

Et wier wichteg, eng gewësse Kohesioun a Koherenz am Gesondheetssystem ze behalen - déi nei Méiglechkeet vun den Antenne fir déi grouss Spideeler géif et an Zukunft erlaben, "eng Rei Aktivitéite méi no bei d'Leit ze bréngen", seet de Phillippe Turk.

Fir de President vun der FHL dierft et bei de Permanencen awer net zu engem Zweeklassesystem kommen, "wou déi eng just d'Kiischte vum Kuch huelen" an eng Aktivitéit géife maachen, déi net integréiert wier an dee ganze Gesondheetssystem.

Gläichzäiteg misst fir de Philippe Turk d'Gesondheetspersonal, dat an dësen Antenne schafft, ënner déi selwecht Kollektivvertragskonditioune fale wéi d'Personal an de Spideeler.

AMMD ass net iwwerzeegt

Den Dr. Alain Schmit weist sech guer net iwwerzeegt vum Projet de loi: Eegeninitiative vum Dokter a Fortschrëtt fir de Patiente si fir de President vun der AMMD net ze erkennen: "Mir si sécher net do ukomm, wou mer wollten".

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert géif zwar "ganz änlech Termen" wéi d'AMMD benotzen, "mee si huet et ëmgedréint an eng Logik, déi d'Spideeler nach eemol méi grouss mécht, wéi se et lo scho sinn".