Par Rapport zu de leschten Delegatiounswale vun de Fonctionnairen an Employéen vun de Gemengen a Syndikater 2017 hätte si fënnef Prozent dobäi gewonnen a wieren elo op ronn 88 Prozent, seet de Claude Reuter vun der FGFC, der Fédération Générale de la Fonction Communale, op eis Nofro hin.
Zu Diddeleng huet den OGBL ee Sëtz dobäi gewonnen an ass elo an där Majoritéit, grad ewéi och beim Gemengesyndikat Sigi, wou den OGBL déi zwee Delegéiert stellt.
FGFC gesäit keen Desintressi
A just 13 vun den 42 Gemengen a Syndikater goufe Walen ofgehalen. An deenen anere ware genee souvill Kandidate, wéi et och Plaze gouf. De Claude Reuter vum FGFC gesäit doranner awer keen Desintressi fir Delegatiounsaarbecht:
"Mir hu Missiounen, déi si fir d'Delegatioune festgesat. Awer hei plädéiere mir och elo zemools no de Walen, datt mir déi Texter sollen op de Leescht huelen an déi Missiounen nach méi kloer definéieren. An net nëmme fir d'Personal op der Plaz sech anzesetzen, mee och propper agebonnen ze ginn. Mat der Politik zesummen hire Betrib no vir ze bréngen."
Well dat a leschter Zäit net ëmmer esou assuréiert wier, misst een elo zesumme mat de Patronen, den Delegatiounen a mam Personal dofir suergen, datt déi Plus-value och unerkannt géif ginn, seet de Claude Reuter: "An doduerch och sech an Zukunft villäicht nach méi Delegéierte wëllen opsetzen. Am Moment ass dat net ëmmer grad esou einfach."
Den neien Datum fir d'Delegatiounswalen um Syndikat TICE zu Esch steet elo fest. Opgrond vun engem prozedurale Feeler bei der Bréifwal sinn dës op den 31. Mee reportéiert ginn.