Parallel gëtt et och d'Méiglechkeet d'CO2-Miesser an de Grondschoulen oder an de Maison Relaisen ze installéieren. D'Lycéeë goufe schonn ekipéiert, d'Grondschoule kréien déi Miesser vun dëser Woch un.
Eng 300 Persoune goufen an de leschten zwou Woche rekrutéiert fir den Encadrement an de Maisons relaisen ze garantéieren. Dat huet den Educatiounsminister op Nofro hi confirméiert.
Wann an enger Gemeng an der Grondschoul eng Infektiounsketten entdeckt gëtt, dann mussen d'Schüler an der Maison Relais a fixe Gruppen agedeelt ginn.