Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Festivitéiten an der Stad an Usprooch vum Premier

Nationalfeierdag 2022

Festivitéiten an der Stad an Usprooch vum Premier

Niewent den offizielle Festivitéiten an der Stad huet de Premier Xavier Bettel haut den Owend seng traditionell Usprooch gehalen.

auto_stories

2 min

Haut um Virowend vu Nationalfeierdag hunn déi offiziell Festivitéiten an der Stad schonn um 16:00 Auer ugefaangen - dat mat der Relève solennelle vun der Garde virum Palais. Säit 17:00 Auer ginn et Concerten um Glacis. Um 21:00 Auer wäert de Fakelzuch vum Roude Pëtz fortgoen, duerch d'Stad bis op de Boulevard Roosevelt, wou d'Tribün vun der groussherzoglecher Famill ass. Um 23:00 Auer ass dann d'Freedefeier zu Éiere vum Grand-Duc.

Premier: Festivitéiten engem kollektiven Effort ze verdanken

Um 18:00 huet de Premier Xavier Bettel dann och seng traditionell Usprooch gehalen. Datt d'Festivitéiten am Kader vun Nationalfeierdag erëm kënne stattfanne wier engem kollektiven Effort ze verdanken, fir d'Pandemie esou ze kontrolléieren, datt een haut mam Virus liewe kéint ouni eng Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem ze riskéieren.

De Premier huet och de Krich an der Ukrain ugeschwat. Et wier eis Flicht de Leit an der Ukrain ze hëllefen - ma de Fridden an Europa an d'Verdeedege vun eise Wäerte hätten ee Präis, esou de Xavier Bettel.

Hei huet hien an der Fro vun der Präisdeierecht op de sougenannte "Solidaritéitspak" verwisen. Ma och de Klimawandel wier eng Erausfuerderung, déi - onofhängeg vun deem wat soss international geschitt - net vergiess däerft ginn, esou nach de Premier.


Lauschtert hei d'Usprooch vum Xavier Bettel:

Lauschterenplay_arrow