Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Etgen: "Carole Dieschbourg huet d'Recht op eng komplett Enquête"

Affär Gaardenhaischen

Fernand Etgen: "Carole Dieschbourg huet d'Recht op eng komplett Enquête"

An der Affär Gaardenhaische wier et wichteg, datt déi fréier Ministesch Carole Dieschbourg gehéiert gëtt, seet de Fernand Etgen.

auto_stories

2 min

Et wier wichteg, datt all d'Deputéiert Accès op den Dossier kréien, ënnersträicht de Fernand Etgen.

"A mir hunn eng éischt Etapp definéiert, wou d'Chamber an enger Plenière à huis clos per Resolutioun decidéiert, direkt d'Police judiciaire ze chargéieren fir d'Madamm Dieschbourg ze auditionéieren. Ech mengen et ass wichteg, datt u sech dann déi Instruktioun vun deene selwechte Leit ebe gemaach gëtt, déi an der Affär vum Deputéierten Traversini d'Saach enquêtéiert hunn, wéinst der Egalité d'Armes, wann een dat esou kann nennen."

Déi fréier gréng Ministesch Carole Dieschbourg soll an der Gaardenhaischen-Affär vun der Police Judiciaire gehéiert ginn, dat no enger deementspriechender Entscheedung vun der Chamber.

Dat war eng vun de Conclusioune gëschter Owend no der Sitzung vum Chamberbüro an de Fraktiounscheffe mat der Procureure Générale d'Etat Martine Solovieff.

Gëschter gouf schonn decidéiert, datt all déi 60 Deputéierten Abléck an den Dossier iwwer d'Vir-Enquête an dëser Affär kréien, deen d'Parqueten - de Parquet Général an de Parquet Lëtzebuerg - dem Chamberpresident de leschten Donneschdeg geschéckt haten.

De Roberto Traversini hat am Oktober 2019 als Deputéierten an dëser Affär demissionéiert, a virdru schonn als Déifferdenger Buergermeeschter.

Wien trëtt d'Nofolleg vun der Carole Dieschbourg un?

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg hat e Freideg demissionéiert. Zur Fro vun hirer Nofolleg huet déi gréng Co-Parteipresidentin Djuna Bernard eis de Moie gesot "Mir wäerten eis déi néideg Zäit huele fir dat an eise Gremie serain ze diskutéieren".

Der grénger Fraktiounscheffin Josée Lorsché no, soll d'Ëffentlechkeet schonn an den nächsten Deeg gewuer ginn, wien neie grénge Regierungsmember gëtt. Zur Fro, ob si selwer interesséiert wier, an d'Regierung ze wiesselen, wollt d'Politikerin näischt soen.