Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Danièle Federspiel Haag: Fermeture vum Gebuertshaus mécht kee Sënn

Gebuert

Danièle Federspiel Haag: Fermeture vum Gebuertshaus mécht kee Sënn

Juristesch géif näischt dogéint schwätzen an enger Praxis e Kand op d'Welt ze sëtzen. Sou reagéiert d'Matgrënnerin vum Lunata Zenter d'Danièle Federspiel Haag op d'Decisioun vun der Gesondheetsministesch fir d'Gebuertshaus zu Bartreng zou ze maachen.

auto_stories

1 min

D'Decisioun géif kee Sënn maachen esou d'Hiewan. Et dierft een zwar kloer nach virun Hausgebuerte maachen, "si (D'Gesondheetsministerin n.d.l.r) huet awer déi Praxis zougemaach. Fir mech wier et besser gewiescht si hätt se opgelooss a si hätt gesot mir schafen dee juristesche Kader do donieft". D'Signal wat een de Fraen elo géif ginn, wier, datt een et an engem Gebuertshaus net géif fäerdeg bréngen ee gesond Kand op d'Welt ze bréngen. "An dat wonnert mech bei enger Fra. Et ass dat Bild wat mech stéiert bei hirer Decisioun."

Et wéilt een elo mol keng rechtlech Schrëtt géint déi Decisioun ënnerhuelen, seet d'Danièle Federspiel Haag. Mëtt Januar soll en Aarbechtsgrupp zesumme mat den Hiewannen ufänken e legale Kader auszeschaffen.