Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Natas Loves You - Go Or Linger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feministesch Aussepolitik, och en Theema zu Lëtzebuerg

Fräie Mikro

Feministesch Aussepolitik, och en Theema zu Lëtzebuerg

Enn Abrëll huet déi däitsch Aktivistin Kristina Lunz - op Invitatioun vum CID Fraen an Gender an der Stad Lëtzebuerg, an ënner dem Patronage vum Ausseministère - aus hirem Buch: "Die Zukunft der Aussepolitik ist feministisch" gelies. An hirem fräie Mikro gräift d'Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender zentral Elementer vum Buch nach emol op a bezitt se op Lëtzebuerg.

auto_stories

7 min

Aussepolitik ass zentral fir déi grouss global Erausfuerderungen unzegoen: d'Klimakris, Ugrëff op d'Mënscherechter, nuklear Oprëschtung, Pandemien - kënnen net national, mee just international geléist ginn.

Déi klassesch Aussepolitik, wéi se weltwäit bedriwwe gëtt, baséiert nach ëmmer op patriarchale Virstellungen a Logicken. Wie Muecht an Dominanz demonstréiert, gëllt als staark. Den eegenen Territoire an Afloss mussen erhalen a gestäerkt ginn. Dofir ginn et och haut nach Kolonien a Kricher.

Am Géigesaz dozou baséiert feministesch Aussepolitik op Mënscherechter, ganz besonnesch op engem fundéierte Verständnis vu Geschlechterverhältnisser, a gëtt vun der Zivilgesellschaft matformuléiert, funktionéiert also participativ. Se ass transparent, antirassistesch, antimilitaristesch an op Klimagerechtegkeet a Kooperatioun amplaz op Herrschaft iwwer anerer ausgeriicht.

Eng besser Representatioun vu Fraen a Minoritéite féiert zu enger besserer Politik

D'Konzept vun der feministescher Aussepolitik kënnt aus der Zivilgesellschaft, a geet zeréck op d'Beméiunge vun Aktivist:innen, déi sech Ufank vum 20. Joerhonnert mat den Ursaache vu Konflikter a Gewalt befaasst hunn, fir doraus ze zéien, wéi ee Kricher verhënnere kann.

Feministesch Konfliktfuerschung huet d'Konzept vum feministesche Fridden ervirbruet. Feministesche Fridden ass méi wéi d'Feele vu bewaffente Konflikter a Kricher. Déi militariséiert a patriarchal Virstellung vu Sécherheet als eng Ofsécherung vu staatlechem Terrain, gëtt ersat duerch d'Fuerderung no mënschlecher Sécherheet. Wou et Honger, Aarmut, sozial Ongläichheeten an Ongerechtegkeete gëtt, gëtt et also kee feministesche Fridden. E Beispill: Fraen, déi haislech Gewalt erlieft hunn leiden heefeg ënnert deene selwechte posttraumatesche Stéierungen, wéi Zaldot:innen, déi am Krich waren. Och wann si zu Lëtzebuerg liewen, liewe si net a Fridden.

Ziler vun enger feministescher Aussepolitik - fréier wéi haut - sinn d'Verstaatlechung vun der Rëschtungsindustrie, international Kontroll vum Waffenhandel an eng universell Ofrëschtung, am Sënn vun enger konkreter Friddenspolitik. Och Diversitéit an eng gläichberechtegt Representatioun vun de Geschlechter op allen diplomateschen an Decisiounsposte gehéiert zu den Ziler. Representatioun vu Fraen a Minoritéiten féiert zu enger besserer Politik (dat gëllt iwwregens net just fir d'Aussepolitik), well esou ënnerschiddlech Perspektiven a Realitéiten an d'Decisiounen afléissen. Diversitéit a fair Representatioun ginn awer net duer: Konventiounen, Kommunikatiouns- an Decisiounsweeër mussen hannerfrot a nei geduecht gi fir ënnerdréckend patriarchal Strukturen ofzeschafen.

Zentralen Aspekt vu feministescher Aussepolitik: Ofrëschtung

Einfach méi Fraen an d'Arméi ze kréien ass dofir och net d'Iddi vun enger feministescher Aussepolitik. Zil ass et Konflikter ze verhënneren, net se gläichberechtegt ze maachen. An där selwechter Logik kuckt eng feministesch Aussepolitik och kritesch op international Resolutiounen. Natierlech si Resolutiounen, wéi zum Beispill déi géint Vergewaltegung als Krichswaff wichteg international Instrumenter. Allerdéngs soll Haaptzil bleiwe Krich ofzeschafen a net just Krich méi sécher ze maache fir Fraen (falls dat zweet ouni dat éischt iwwerhaapt gelénge kann).

Zeréck zum Kär vu feministescher Aussepolitik: Ofrëschtung. Aus feministescher Perspektiv ass d'Verspriechen, datt Waffen zu méi Sécherheet féieren, eng Farce.

Atombomme sinn e besonnesch däitlechen a perversen Ausdrock vu patriarchaler Gewalt, also vun der Virstellung, datt Dominanz, physesch Kraaft a Gewalt Sécherheet garantéiere kënnen.

Mëttlerweil besëtze méi Länner Atomwaffe wéi nach am Kale Krich. Wisou? Wéinst der sougenannter atomarer Ofschreckung. Well anscheinend kee sech traut se ze benotzen, wann e weess, datt souvill anerer der och hunn.

Geziilt no den Auswierkunge vun Decisiounen op Frae froen

Awer net just Massevernichtungswaffe sinn eng Gefor fir d'Mënschheet. All 15 Minutte kënnt weltwäit eng Persoun duerch eng Schosswaff ëm d'Liewen. A méi wéi engem Drëttel vun de weltwäite Femizider (also Fraen, déi ëmbruecht ginn, well se Frae sinn), ass eng Schosswaff d'Mordinstrument. Eng nei, an der breeder Bevëlkerung nach net sou bekannt an ënnerschätzt Gefor sinn doriwwer eraus autonom Waffesystemer.

Lëtzebuerg gehéiert zu den éischten néng Länner op der Welt (nieft Schweden, Kanada, Frankräich, Mexiko, Spuenien, Libyen, Chile an Däitschland), déi eng feministesch Aussepolitik deklaréiert hunn. Baséierend op dem sougenannten 3D Usaz: Diplomacy, Development an Defense solle Gläichberechtegung sou wéi Meederchers- a Fraerechter viru bruet ginn.

Fir de Lëtzebuerger Sëtz am Mënscherechtsrot kéint dat zum Beispill heeschen, datt déi Lëtzebuerger Diplomat:inne bei all Resolutioun a bei all Verhandlung froen: Wou sinn d'Fraen? Sëtze si mat um Dësch? Ginn d'Auswierkungen op si geziilt analyséiert a mat beduecht?

Gespaant op konkret Detailer zum zukünftege lëtzebuergeschen Aktiounsplang

Mat dem richtungsweisende Konzept am Gepäck, kéint Lëtzebuerg theoretesch an d'Richtung vun enger Demilitariséierung an Ofrëschtung goen a beispillsweis den internationale Vertrag, deen Atomwaffe verbitt, ënnerschreiwen an aner Länner motivéieren dat selwecht ze maachen.

D'Deklaratioun aus dem aktuelle Koalitiounsvertrag eng feministesch Aussepolitik ze verfollegen ass jiddefalls e begréissenswäerten a couragéierte Schrëtt. An der Theorie setzt feministesch Aussepolitik sech präzis a moossbar Ziler, déi transparent a verständlech sinn.

Et kann een:t also gespaant sinn op déi konkret Detailer vum zukünftegen Aktiounsplang vu Lëtzebuerg.

Aussen- an Innepolitik mussen openeen ofgestëmmt sinn

Nach méi gespaant däerf een:t sinn, ob dës fortschrëttlech Aussepolitik eis Innepolitik matrappe kann. Feministesch Aussepolitik muss koherent si mat der Innepolitik, an déi Wäerter déi no bausse vertruede ginn och no banne liewen, fir d'Bezeechnung ze verdéngen a net just triste Pinkwashing ze sinn.

An der Theorie ass Gendermainstreaming, an dozou gehéiert och Genderbudgeting, en transversale Prinzip vun der Lëtzebuerger Regierungspolitik, dat ass u sech decidéiert feministesch. Mir hu souguer e Ministère, den explizitt fir d'Gläichstellung zoustänneg ass.

An der Praxis misst dat heeschen, datt bei all neiem Gesetz, bei all Recherche, bei all Investitioun a bei all grousser politescher Decisioun gefrot gëtt: Wéi ginn déi verschidde Geschlechter berécksiichtegt a matgeduecht? Wéi wierkt sech dat op d'Geschlechter an op d'Geschlechterverhältnisser aus? Wann dës Froe gestallt an d'Äntwerten analyséiert géife ginn, kéint all eenzel politesch Mesure e positiven Impakt op déi sozial Gerechtegkeet hunn.

Déi ganz Gesellschaft géif profitéieren

Vun enger feministescher Ausse-(Politik) géif net eng kleng Elite, mee déi breet Bevëlkerung profitéieren. An dem Sënn hoffen ech, datt déi éischt néng Länner mat guddem Beispill a ville konkreten Aktioune virginn a vill weider Länner nozéie wäerten.


Déi theoretesch Ausféierungen aus dësem Fräie Mikro baséieren um Buch "Die Zukunft der Aussenpolitik ist feministisch" vun där däitscher Autorin Kristina Lunz. D'Buch kann an der Bibliothéik vum CID | Fraen an Gender ausgeléint ginn, sou wéi vill aner Bicher zum Sujet.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.


Remark: Den Artikel gouf de 17. Mee um 14:46 Auer editéiert. An enger éischter Versioun stoung, datt et mëttlerweil méi Atomwaffen op der Welt géif gi wéi nach am Kale Krich. Dat ass net richteg, mee et hu méi Länner nuklear Waffe wéi am Kale Krich. Mir hunn de Feeler korrigéiert an entschëllegen eis dofir.