Privatstéit si responsabel fir ronn e Fënneftel vum Liewensmëttel-Offall an der EU, den Eenzelhandel fir en Zéngtel.
Iwwer d'Hallschent entsteet allerdéngs an der Agrikultur, betount de Frank Mechielsen, Direkter vu "Feedback EU" a Co-Auteur vum Rapport "No Time To Waste".
Vill Iesse géif beim Bauer schonn net erageholl ginn, oder géif guer net ofkaaft ginn.
"Feedback EU": Reduktioun vu Liewensmëttel-Offall obligatoresch maachen
Eleng d'Quantitéit u Weess, déi an der EU ewechgeheit gëtt, entsprécht ronn der Hallschent vun den ukrainesche Weess-Exporter.
"Feedback" EU fuerdert dofir zesumme mat iwwer 40 weideren ONGen, datt Bréissel d'Zil vun enger Reduktioun vum Liewensmëttel-Offall ëm 50 Prozent bis 2030 obligatoresch mécht.
An zwar fir alleguerte Secteuren, vum Bauerenhaff bis op d'Forschett.
"Pervers Mechanismen"
Fir de Frank Mechielsen ass dat realistesch, wann et dofir och eng Gesetzgebung gëtt a wann et transparent gemaach gëtt, wou wéi vill Iesse verschwent gëtt. Da kéint een déi "pervers Mechanisme" gesinn, déi et aktuell ginn, seet den Direkter vu "Feedback EU".
Als Beispill heifir nennt de Frank Mechielsen, datt Supermarchéë vun hire Produzente verlaangen, datt se méi produzéieren, wéi herno akaaft gëtt. Doduerch géifen d'Baueren duerno op Liewensmëttel sëtze bleiwen, déi och nach zousätzlech Käschte fir si bedeite géif.
Manner Liewensmëttel-Offall kéint a villen Hisiichten e positiven Impakt hunn, sou de Frank Mechielsen. Op d'Ëmwelt, well duerch manner Offall och manner CO2-Emissiounen entstinn. De Surplus u Liewensmëttel kéint u Mënsche verdeelt ginn, déi et néideg hunn. A wann d'EU hir eegen Iesswuere besser géif geréieren, wier se och manner op Importer ugewisen a méi onofhängeg vun Drëttstaaten.
Eng zweet Recolte
Fir Lëtzebuerg ginn et wéineg Donnéeën iwwer de Liewensmëttel-Offall. Déi lescht Daten zu de Privatstéit ginn op 2019 zeréck, deemno wier an den Haushälter dräi Véierel vum Lëtzebuerger Liewensmëttel-Offall entstanen.
Iwwer d'Bauerebetriber existéiere guer keng Zuelen, seet den Daniel Waxweiler vun der Initiativ Foodsharing. Et géifen awer Initiative wéi "Onperfekt" ginn, déi eng zweet Recolte maachen.
Och d'Initiativ Foodsharing hätt schonn esou eng zweet Recolte gemaach, wou ee bei d'Bauere gaangen ass an déi Zaloten, déi net méi esou schéin oder ze vill waren, matgeholl goufen. "Do ass op alle Fall nach vill Potential", seet den Daniel Waxweiler.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.