Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fedil kritiséiert "Verzögerungstaktik"

Industriepolitik

Fedil kritiséiert "Verzögerungstaktik"

D'Industriellefederatioun bedauert, datt Fage elo awer keng Jugurtsfabrick zu Lëtzebuerg wäert bauen. D'Prozedure wieren an d'Längt gezu ginn, well eenzel Regierungsmembere géint de Projet waren.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Pia Oppel lauschterenplay_arrow


De Fedil-Direkter René Winkin weist sech enttäuscht, datt de griichesche Konzern säi Projet elo awer net realiséiert. D'selwecht wéi beim gescheiterte Projet vum Steewollproduzent Knauf hätt d'Verzögerung vun de Prozedure zum Echec geféiert:

"Ech géif awer mengen, datt et net ee Problem vu Capacitéit oder Kompetenz ass. Et ass einfach bei Dossieren, déi verschiddene Membere vun der Regierung net genehm sinn, da gëtt déi dote Taktik ugewannt. Well aner Dossieren - dat wësse mer, an dat ass och bëssi berouegend - déi gi méi séier duerch. Dat heescht, hei gëtt op Zäit gespillt. An d'Ëmweltministesch huet och keen Hehl draus gemaach, datt si d'Infustriepolitik wëllt gestalten, an datt si wëllt d'Instrument hu mat engem Kommodo 5.0, wou si an der 'dernière ligne droite' iwwer d'Kommodo-Gesetz eigentlech wëllt soen: 'Deen doten Industrieprojet - jo, deen doten Industriepojet - neen."

Kloer Krittäre feelen

D'Regierung misst sech eng méi kloer Linn fir d'Industriepolitik ginn, esou dem Fedil-Direkter seng Fuerderung:

"Et muss ee wëssen, wat ee wëllt. Wat si Betriber, déi mer hei wëllen usidelen? Wat sinn d'Krittären, wa mer proaktiv Betriber siche ginn? Wat sinn d'Krittären, déi mer hunn, wann een 'à l'improviste' wëllt hei op Lëtzebuerg kommen? Wann ech capabel si fréizäiteg ee Projet ze evaluéiere par rapport zu menge Krittären, da kann ech och fréizäiteg zu engem Investisseur soen, dat gëtt äusserst schwiereg oder et gëtt näischt. D'Instrument ass ganz einfach: Da braucht Dir keen Terrain ze gi fir dee Projet."

Eng aner Industriepolitik

Déi aktuell Approche géif och dem Image vum Grand-Duché schueden. Dofir ass fir de René Winkin kloer, wat d'Regierung muss maachen:

"Sech Krittäre ginn, déi d'Strooss halen, se kohärent a gemeinsam als Regierung droen a se da mat den adequaten Instrumenter uwenden. An adequat ass sécher net d'Ëmweltgesetzgebung, där hir Finalitéit ass net fir Industriepolitik-Krittären ëmzesetzen."