Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fapsylux gréisstendeels zefridde mam neien Tarif

Remboursement vu Psychotherapien

Fapsylux gréisstendeels zefridde mam neien Tarif

D'Federatioun vun de Psychotherapeute weist sech gréisstendeels zefridden doriwwer, datt d'Gesondheetskeess deemnächst Psychotherapië rembourséiert. D'Fapsylux beschwéiert sech awer iwwert d'Manéier, wéi et dozou komm ass. De Sozialminister Claude Haagen géif de Psychotherapeuten den Tarif imposéieren, esou d'Presidentin vun der Fapsylux.

auto_stories

2 min

D'Catherine Richard ass Presidentin vun der Fapsylux. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Nom Echec vun de Verhandlungen tëscht der Fapsylux an der CNS huet de Sozialminister Claude Haagen Mëtt Dezember decidéiert, ee Montant an engem Reglement ze fixéieren: 144 Euro fir eng psychotherapeutesch Seance vu 50 bis 60 Minutten.

"Fir den Ufank eng ganz gutt Saach"

Wéi dës Annonce komm ass, huet d'Presidentin vun der Fapsylux bei eis op der Antenn gesot, dat géif un Despotismus grenzen. Ee Mount méi spéit gesäit d'Catherine Richard d'Decisioun méi nuancéiert:

"Also et ass wierklech fir den Ufank elo eng ganz gutt Saach. Deen Tarif, dee wäert och indexéiert ginn oder d'Lettre-clé. Wéinstens en Deel vum Tarif wäert indexéiert ginn. Dat heescht an e puer Joer komme mir dann dohinner, wou mir eigentlech wollten."

Bei de Verhandlunge wier et awer ëm vill méi gaangen ewéi nëmmen ëm den Tarif, ënnersträicht d'Catherine Richard. Am Gesamtpackage hätt ee vill erreecht. Zum Beispill bei de Konditioune fir vun engem Remboursement kënnen ze profitéieren:

"Nach bis September, bis si eis d'Dier zougeklaakt haten, d'CNS, wollten si nach ëmmer Leit iwwer 70 an ënner 18 net rembourséieren ënner verschidde Konditiounen. Dat ass fir eis en absolutten No-Go."

Méi Traitementer, mee ze mann Psychotherapeuten

Elo kréich jidderee seng psychotherapeutesch Behandlung rembourséiert - ouni Altersbegrenzung. Och d'Fro, wéi eng Pathologië géife rembourséiert ginn, wier elo vum Dësch. E puer Aschränkunge géif et awer nach ginn, seet d'Presidentin vun der Fapsylux:

"Koppel-Therapië ginn net rembourséiert. Gruppen-Therapien, Sëtzungen, déi méi laang wéi eng Stonn daueren, notamment Traitement vun Traumaen, zum Beispill, oder vu Phobien."

D'Catherine Richard rechent iwwerdeems domat, datt d'Demande fir psychotherapeutesch Traitementer op Grond vum Remboursement enorm wäert klammen. Si fäert awer, datt net genuch Psychotherapeute wäerten do si fir dës Demande opzefänken.