Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Melody Nelson Mandela

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Familljeministerin wënscht sech anstänneg Aarbechtskonditiounen

Fondatioun Kräibierg

Familljeministerin wënscht sech anstänneg Aarbechtskonditiounen

Am Konflikt tëschent der Personaldelegatioun an der Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg mécht den OGBL weider Drock. D'Familljeministerin Corinne Cahen (DP) seet, d'Aarbechtskonditioune wiere wichteg.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

D'Mesuren, déi de Conseil no der Sitzung vum leschte Méindeg annoncéiert huet, géifen net duergoen, fir de soziale Fridden an d'Vertrauen nees hierzestellen, sou den OGBL an engem Communiqué. De Conseil hat ënner anerem eng extern Evaluatioun an eng Mediatioun proposéiert.

D'Personal vun der Fondatioun Kräizbierg géif zanter dräi Méint op eng handfest Léisung waarden, fir d'Personal an d'Persoune mat enger Behënnerung an de Mëttelpunkt ze stellen. Et wieren déifgräifend Ännerungen néideg fir nees e gesond Aarbechtsklima ze etabléieren, esou den OGBL.


D'Corinne Cahen


D'Famillje-Ministerin Corinne Cahen sot dozou am 100,7 Interview, si kéint sech net amëschen, mee:

"Et mécht mech natierlech traureg, wann e Konflikt ass. Ech sinn net am Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg, an do muss de Verwaltungsrot natierlech elo kucken, wéi se de Problem wëllen adresséieren. Ech hu gesot, si wéilte sech begleede loossen, respektiv där Saach méi op de Grond goen. Mir ass et wichteg, datt d'Mënschen anstänneg behandelt ginn. Mir schwätzen hei vu Mënsche mat engem Handicap oder vun eelere Mënschen, fir dat anert Beispill ze huelen. An do ass et essentiell, datt souwuel d'Bewunner, respektiv d'Leit déi schaffe kommen, datt déi anstänneg a flott encadréiert ginn, wéi och, datt déi déi encadréieren, datt déi anstänneg Aarbechtskonditiounen hunn, well hei geet et jo wierklech ëm d'Mënschen, a wann et ëm d'Mënsche geet, da muss d'Ambiance och stëmmen. Well da geet ee gäre schaffen, an dann ass ee gären zesummen."