Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fage: D'Päerd vun hanne gesuedelt

Geplangte Jughurtsfabrick

Fage: D'Päerd vun hanne gesuedelt

D'Ëmweltverwaltung géif den Dossier vu Fage fir de Bau vun der ëmstriddener Jugurtsfabrick tëschent Beetebuerg an Diddeleng déi nächst Woche ganz intensiv begleeden. Esou gëtt déi gréng Ëmweltministerin Carole Dieschbourg um Internetsite vun der Chamber zitéiert. Den Ëmweltministère an de Wirtschaftsministère géifen all d'Piècen am Dossier iwwerpréiwen. De Staat iwwerhëlt hei ze spéit seng Responsabilitéit, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

D'Zil vu Fage ass kloer: De griichesche Konzern wëllt fort aus Griichenland, huet 2012 no der griichescher Scholdekris säi Steiersëtz vun Athen op Lëtzebuerg migréiert, an elo soll d'Jugurtsfabrick nozéien.

Et ass wuel de Plang fir nieft dem Steiersëtz och Substanz hei am Land ze hunn a fir den europäesche Marché vun hei aus ze bedéngen. 80 Millioune Kilo Jugurt d'Joer sollen an der neier Fabrick produzéiert ginn. Haaptsächlech fir den italieeneschen a brittesche Marché. Fage verkeeft just nach 14 Prozent vu sengem Jugurt a Griichenland selwer, an d'Fabrick bei Athen ass al. D'Mataarbechter fäerte mat Recht, datt hir Fabrick zougemaach gëtt, wann déi modern "Facililty" an der Industriezon Wolser bis produzéiert.

D'Konsequenze vum Silodenken

Ënner dem fréiere Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) huet de Wirtschaftsministère gemengt, hie misst Fage vun Ufank u blann ënnerstëtzen. 2016 hu Fage an den Etienne Schneider de Projet ëffentlech annoncéiert, 2017 schonn huet de Wirtschaftsministère dem Konzern e raren Terrain vu 15 Hektar an enger nationaler Industriezon verkaaft. Weder d'Autorisatiounen, déi nach net gi waren, nach déi vill Froen iwwer den enorme Ressourcëverbrauch hunn de Wirtschaftsministère interesséiert. Datt een zäitgläich amgaang war mam US-Fuerscher Jeremy Rifkin un enger Strategie fir eng méi digital an nohalteg Ekonomie ze schaffen, weist d'Absurditéit vun enger Politik, déi dat eent seet, an de Contraire mécht.

Et maach sinn, datt wann et sech géif ëm d'Luxlait handelen, an net ëm e Konzern aus dem Ausland, datt d'Kritik um Projet net esou grouss wier. Trotzdeem ass se justifiéiert. Well eigentlech verkierpert de Projet eng Globaliséierung, vun där mer wëssen, datt se schlecht ass fir d'Ëmwelt. Et mécht einfach kee Sënn, e banale Jugurt Honnerte vu Kilometer mam Camion duerch Europa ze transportéieren. Witzegerweis läit Lëtzebuerg fir Groussbritannien oder Italie méi gënschteg wéi Athen, an et géifen also par Rapport zu elo Co2-Emissiounen agespuert ginn, trotzdeem ass et net méi zäitgeméiss. Virun allem och, well Fage just iwwer d'Strooss ausliwwert an net iwwer d'Schinn.

Keng Spuer vu Landesplanung oder nohalteger Ekonomie

An do wiere mer nees beim Wirtschaftsministère. Den Terrain, dee Fage verkaaft krut, huet eng perfekt Schinnenubannung ... déi Fage guer net wäert brauchen. Op der anerer Säit läit de Site ongënschteg un der Uelzecht, déi als Floss net grouss genuch ass fir a Periode vun nidderegem Waasser eventuell d'Charge polluante aus der Fabrick ze packen. En Terrain ouni Zuchubannung, mee dofir op der Musel, wier méi adaptéiert gewiescht. Mee dat si Froen, déi sech net gestallt goufen: Warscheinlech ass an engem Stater Büro oder vläicht souguer Restaurant, einfach just gemengt ginn, e puer honnert Aarbechtsplaze kéinten näischt schueden, an domat war d'Saach geritzt. Vu Landesplanung oder enger Strategie fir eng méi nohalteg Ekonomie keng Spuer. D'Regierung hat sech virgeholl net méi a Siloen ze fonctionéieren. Am Fall Fage waren dat just eidel Wierder.