Den deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet de Projet souzesoen aus dem Hutt gezaubert, den Terrain gouf fir 30 Milliounen Euro verkaf an d'Entrepris krut souzesoen de rouden Teppech ausgeluecht. 80.000 Tonne Jughurt d'Joer sollt Fage produzéieren, 227 Milliounen Euro sollten investéiert ginn an 300 nei Aarbechtsplazen entstoen.
No véier Joer prozeduralem Gewulls huet den neie Wirtschaftsminister Franz Fayot missten den heite Constat maachen:
"Déi Responsabel vu Fage hu mer haut matgedeelt, datt si de Projet vun enger Jughurtsfabrick géife fale loossen, dat wéinst den sëllegen Diskussiounen an de leschte Wochen a Méint a fir net weider der Reputatioun vun der Firma ze schueden."
Vun Ufank u gouf de Projet kritiséiert
Mee wat war geschitt? De Projet stoung vun Ufank un an der Kritik, de Waasserverbrauch vun enger Klengstad an Zäiten, wou déi Ressource ëmmer méi knapp gëtt, eng zolidd Ofwaasserbelaschtung, déi d'Uelzecht weider géif verknaschten.
Derbäi koum den Transport iwwer d'Strooss amplaz d'Schinnennetz ze notzen. Virun allem de grénge Koalitiounspartner huet wéineg Rifkin-Realitéit bei dësem Projet gesinn, deen ass och duerch déi dubiéis Verkafsstrategie vum Terrain an d'Kritik geroden.
En Avis vum Rechnungshaff ass ugekënnegt ginn an och d'Nopeschgemengen hu géint de Projet rebelléiert. Bei den Autorisatiounen huet den Ëmweltministère Nobesserunge verlaangt. Um Enn stoungen dann och nach dubiéis Steierpraktike vu Fage am Raum. Un net-existéierend Consultingfirme sollen héich Zommen iwwerwise gi sinn, esou d'Virwërf. Den 22. September huet Fage de Projet opginn.