Laurent Zeimet (CSV) - Yves Cruchten (LSAP)

“D’Sozialiste sangen elo d’Lidd vun der propperer LSAP, déi all di gutt Reformen géint eng CSV duerchgesat huet, déi fir all di sougenannt Affären responsabel as.” Sou d’Kritik vum CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet an eiser éischter Spezialemissioun am Virfeld vun de Wahlen den 20. Oktober.

Dass d’Sozialisten d’Koalitioun egal wéi wollt platzen loossen, huet den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten sengersäits formell zréck gewisen.

D’LSAP finaliséiert hire Wahlprogramm den 16. September (haut den Owend): ee Schwéierpunkt soll d’Reform vum Staat an den Institutioune sin. Den CSV-Nationalrot huet de Wahlprogramm den 14. September unanime ugeholl: e Programm, dee "Fairness a Stabilitéit" soll garantéieren.

Wéi e Koalitiounspartner hier Parteien sech fir no de Wahlen géife wënschen, wollte béid Politiker net soen. Den Yves Cruchten huet eng méiglech Koalitioun tëscht LSAP, DP an déi Gréng awer géint d’Kritik vum Laurent Zeimet verteidegt: eng Dräierkoalitioun kéint duerchaus stabil sinn. De Laurent Zeimet huet op dësem Punkt en Ënnerscheed tëscht lokalem an nationalem Niveau gemaach

Eenz si sech CSV an LSAP beim Referendum iwwert d’Verfassungsreform: hei soll net iwwert de ganzen Text, mee iwwer wichteg prinzipiell Froen ofgestëmmt ginn.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen