Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eventuellen Dateklau bei KetterThill

Sécherheet

Eventuellen Dateklau bei KetterThill

De Privat-Laboratoire KetterThill mellt een Dateklau beim Laboratoire-Netzwierk CERBA, bei deem KetterThill och Member ass. Eventuell kéinten Donnéeën, déi KetterThill CERBA uvertraut huet, vum Virfall betraff sinn, et hätt een doriwwer awer nach keng Gewëssheet.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Den Dateklau wier op e mënschleche Feeler bei CERBA zeréckzeféieren, heescht et vu KetterThill. D'Donnéeë wiere wéinst deem Feeler am Internet exposéiert gewiescht. Betraff wiere méiglecherweis perséinlech Donnéeën, mee keng Bank-Detailer. An der exposéierter Datebank wieren awer Examensresultater, Numm, Virnumm Gebuertsdatum a Geschlecht erëmzefannen - dat Ganzt fir den Zäitraum 2017 bis Juni 2021.

Clientë vu KetterThill sollte virsiichteg sinn, wa se op eng ongewéinlech Manéier mat hiren Donnéeën demarchéiert ginn. Wie méi Informatioune wéilt kréien, kéint sech un den Dateschutzbeoptraagte vum Laboratoire wenden.

CERBA wier e Sous-Traitant vu KetterThill, esou de Laboratoire op eis Nofro hin. CERBA wier e spezialiséierte Laboratoire mat Clienten vun der ganzer Welt. Potentiell kéinten och Leit aus Lëtzebuerg betraff sinn, mee genee wéisst een dat net.

Weider deelt de Laboratoire mat, datt Cerba a Frankräich eng Plainte deposéiert a KetterThill hei am Land déi national Dateschutzkommissioun informéiert hätt.